De Jan van Eyck (oder Johannes de Eyck), gebuer ëm 1385 zu Maaseik, gestuerwen den 9. Juli 1441 zu Bruges, war e flämesche Moler, deen zu deene gréisste Moler vum Spéitmëttelalter gezielt gëtt.

Jan van Eyck
Gebuer 1390 jul.
Maaseik
Gestuerwen 9. Juli 1441 jul.
Bruges
Nationalitéit Südlech Nidderlanden
Aktivitéit Moler, Architekt, Zeechner, Bauzeechner
Famill
Geschwëster Hubert van Eyck
D'Hochzäitskoppel Arnolfini
De Retabel vum Mystesche Lamm, Gent (auserneegeklappt, bannen)

Nom Doud vum Johann III. vu Bayern, wou hien Haffmoler war, ass de van Eyck an der selwechter Funktioun bei de Philippe de Gudden an den Déngscht getrueden, deem säin Haff zu Lille war. Nieft senger Haaptaarbecht als Moler war hien och Dekorateur, a Moler vu Schëlter, Fändelen a Statuen, an huet als geschéckten Diplomat déi eng oder aner Geheimmissioun fir de Philipp gemaach.

Seng Biller änneren

Wann de van Eyck d'Uelegmolerei och net erfonnt huet, sou huet hien des Technik dach perfektionéiert.

Zu senge bekanntste Wierker zielen de Retabel aus der Kathedral vu Gent (D'Ubiede vum Mystesche Lamm) an de Portrait vun der Händlerkoppel Arnolfini (haut an der National Gallery zu London).

Um Spaweck änneren

Commons: Jan van Eyck – Biller, Videoen oder Audiodateien