Jean-Pierre Sinner
lëtzebuergesche Jurist
De Jean-Pierre Sinner, gebuer den 9. Abrëll 1942, ass e lëtzebuergesche Jurist a fréieren Distriktskommissär vu Gréiwemaacher.
Jean-Pierre Sinner | |
---|---|
Gebuer | 9. Abrëll 1942 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Jurist |
Hie gouf de 26. Oktober 1988 als Member vum Staatsrot nominéiert. Den 29.Abrëll 2005 gouf hie Vizepresident vum Staatsrot an ass an där Funktioun bliwwe bis säi Mandat de 26. Oktober 2006 ofgelaf ass.[1]
Gielchen
änneren- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1999)[2]
Referenzen
änneren- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.