Jean-Pierre Mertl

lëtzebuergesche Foussballspiller


De Jean-Pierre Mertl genannt Jemp, gebuer den 23. Abrëll 1930 an der Stad a gestuerwen den 31. Oktober 2012, war e lëtzebuergesche Foussballspiller[1] a Foussballtrainer.

Jean-Pierre Mertl
Gebuer 23. Abrëll 1930
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. Oktober 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

Tëscht dem 23. Dezember 1951 am 19. Oktober 1960 huet de Jean-Pierre Mertl 20-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 1 Gol geschoss.[2]

Hien huet mat der Union Lëtzebuerg dräimol d'Coupe (1959, 1963, 1964) gewonnen, an eemol de Championstitel (1962). Hien huet och nach fir d'US Rëmeleng gespillt

Hien huet ënner anerem den National Schëffleng, d'US Diddeleng, an d'US Rëmeleng trainéiert.

Referenzen änneren

  1. De Jean-Pierre Mertl op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jean-Pierre Mertl op der Websäit vun European Football