Jean-Pierre Junius
De Jean-Pierre "Jim" Junius, gebuer den 28. Januar 1925 zu Diddeleng, a gestuerwen den 21. Februar 2020[1], war e lëtzebuergesche Moler. Hien huet zu Schëffleng gelieft a geschafft.
Jean-Pierre Junius | |
---|---|
Gebuer |
28. Januar 1925 Diddeleng |
Gestuerwen | 21. Februar 2020 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Liewen
ännerenDe Jean-Pierre Junius huet säi Studium am Kolléisch ugefaangen, an ass duerno an d'Normalschoul gewiesselt. 1945 huet hien do säin Ofschloss als Schoulmeeschter gemaach.
1946 huet hien zu Paräis Konscht studéiert. Direkt duerno huet hien ugefaangen als Schoulmeeschter ze schaffen d'éischt zu Wolz a vun 1955 un zu Schëffleng.
Wierk
ännerenDem Jean-Pierre Junius seng Wierker waren zu Lëtzebuerg, an och am Ausland, wéi zu Monte-Carlo, Paräis, Hamburg, Brest, São Paulo a Sevilla an Ausstellungen ze gesinn.
Am Joer 1995 war eng grouss Retrospektiv vun de Biller vum Jean-Pierre Junius am Tutesall am Gronn an der Stad ze gesinn.
"En simplifiant un peu, il est possible de distinguer deux versants dans l'art de Jean-Pierre Junius. L'un, diurne, est tourné vers le soleil, baigné de clarté ; l'autre, nocturne, assombri par le ciel qui toutefois peut s'illuminer brusquement, brutalement." (Lucien Kayser, Katalog vun der Ausstellung vun 1995)
Auszeechnungen
änneren- 1953: Prix de la Jeune Peinture Luxembourgeoise
- 1958: Prix Grand-Duc Adolphe
- 1959: Médaille d'Argent „Arts-Sciences, Lettres“ zu Paräis
- 1996: Prix Pierre-Werner
- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1974)[2]
Literatur
änneren- L'oeil écoute , Katalog vun der Ausstellung am Tutesall am Joer 1995.
- Jean-Pierre Junius , Lucien Kayser erausgi vum Institut grand-ducal
- Junius, Jean-Pierre: Jean-Pierre Junius, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2004, ISBN 2-87963-490-3
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 24-27, 70-71)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- De Jean-Pierre Junius op der Websäit vu mediArt
Commons: Jean-Pierre Junius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Zum Tod des Malers Jean-Pierre Junius: die Poesie der Melancholie. Wort.lu (2020-02-25). Gekuckt de(n) 2020-02-25.
- ↑ Pour leurs mérites dans le domaine culturel op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1974 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022