Jean-Paul I. (Poopst)

Poopst

De Jean-Paul I., mat biergerlechem Numm Albino Luciani, gebuer de 17. Oktober 1912 zu Forno di Canale a gestuerwen den 28. September 1978 am Vatikan, gouf de 26. August 1978, als Nofollger vum Paul VI., zum Poopst gewielt. Säi Pontifikat sollt awer nëmmen 33 Deeg daueren. Säin Nofollger gouf de Jean-Paul II..

Jean-Paul I.
Gebuertsnumm Albino Luciani
Gebuer 17. Oktober 1912
Gestuerwen 28. September 1978
Vatikanstad
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien, Vatikanstad
Educatioun Gregorianesch Peepstlech Universitéit
Aktivitéit Priister, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Poopst

Säi Liewenslaf änneren

Den Albino Luciani koum am norditalieenesche Forno di Canale, haut Canale d'Agordo, bei Belluno op d'Welt. Hie koum aus aarme Verhältnesser. Am Alter vun eelef Joer ass en 1923 an de Bouweseminaire vu Feltre agetrueden, en Internat fir d'Virbereedung op de Beruff vum Geeschtlechen.

Nodeem hie vun 1928 bis 1935 um Seminaire, dem "Seminario Gregoriano" zu Belluno war, gouf en de 7. Juli 1935 zum Priister geweit. Duerno war en zwee Joer Kaploun a sengem Heemechtsduerf, bis en 1937 Vizerektor vum "Gregoriano" gouf wou e bis 1947 bliwwen ass. Den 23. November 1946 ass en zum Dokter an der Theologie promovéiert. Hien huet du verschidde Funktiounen a sengem Heemechtsbistum iwwerholl, ënner anerem als Direkter vum Katechetesche Büro an als Pro-Generalvikar. En huet och e puer bemierkenswäert Schrëfte publizéiert, wéi z. B. Catechesi in briciole an Illustrissimi, eng Sammlung vu Bréiwer u bedeitend Perséinlechkeeten - vum Jesus Christus bis op de Pinocchio). Hien huet awer kee Geheimnes draus gemaach datt en am léifsten en einfachen Duerfpaschtouer wier.

De 27. Dezember 1958 gouf hie vum Poopst Johannes XXIII. zum Bëschof vu Vittorio Veneto ernannt. Deem säin Nofollger, de Paul VI. huet hie schliisslech, de 15. Dezember 1969, zum Patriarch vu Venedeg an de 5. Mäerz 1973 zum Kardinol mat der Titelkierch San Marco ernannt.

Säi Pontifikat änneren

Nom Doud vum Paul VI. gouf de Kardinol Albino Luciani de 26. August 1978, no engem Konklav vun nëmmen engem Dag, vun 111 Kardineel am 4. Tour, zum neie Poopst gewielt. Dëse Konklav war deen éischte, bei deem déi Kardineel, déi méi al wéi 80 Joer waren, net méi hunn däerfen ofstëmmen.

Als Poopstnumm huet hie "Jean-Paul I." gewielt, well hien am Geescht vu sengen zwéi Virgänger, Johannes XXIII. a Paul VI., wollt weiderschaffen. Hie war domat deen éischte Poopst mat engem duebelen Numm, an och deen éischte Poopst dee sech selwer direkt "den Éischten" (I.) genannt huet. Bis dohi gouf d'Uerdnungszuel eréischt beim zweete mam selwechten Numm drugehaangen.

Den 3. September 1978 gouf hie feierlech introniséiert. Hien huet awer op déi traditionell Kréinung mat der Tiara verzicht, grad sou wéi de Gebrauch vun der Sedia gestatoria, der traditioneller Drosëtz vun de Peepst.

 
Wope vum Jean-Paul I.

Wéinst sengem frëndlechen Optrieden huet den neie Poopst direkt vill Sympathië fonnt, och bei Netkatholiken. Als éischte Poopst huet hie bei offizielle Schrëftstécker a Riede fir sech selwer net méi d'Uried "Mir" (Pluralis Majestatis) mä "ech" gebraucht. Dës nei Gebräicher goufe vu sengen Nofollger iwwerholl. A sengem kurze Pontifikat hat hie keng Zäit kritt fir ze reesen, Hellegspriechunge virzehuelen oder Enzykliken ze schreiwen. A senge wéinegen Usproochen huet e sech, ouni Aschränkungen, zu de Léiere vu senge Virgänger bekannt, wat en duerch de Choix vu sengem duebelen Numm schonn ausgedréckt hat.

Säin Doud änneren

No engem Pontifikat vun nëmmen 33 Deeg ass de Jean-Paul I. an der Nuecht vum 28. op den 29. September gestuerwen, an an der Krypta vum Péitersdoum begruewe ginn. Eng Obduktioun gouf souwuel vu senger Famill wéi och vum Vatikan refuséiert. De Kardinol Luciani war schonn zanter Joren häerzkrank. Ausserdeem war den 28. September ee Wiederëmschwonk an e Stuerm. Et ass dokumentéiert, datt et dem Poopst deen Owend net gutt war, an datt en iwwer Houscht a Péng geklot huet. Ëm 21:30 Auer ass en an d'Bett gaangen. De Kardinol John Magee hat en als leschte lieweg gesinn.

Verschwörungstheorien änneren

1984 huet den David Yallop säi Buch Im Namen Gottes? publizéiert. Dora behaapt hien, de Jean-Paul I. wier vergëft ginn, well hie korrupt Affär vun der Vatikanbank opdecke wollt. Ausserdeem géifen dës Affären an engem direkten Zesummenhank mat der Affair ëm d'Banco Ambrosiano mam Äerzbëschof Paul Marcinkus, Roberto Calvi a Michele Sindona stoen, grad sou wéi d'Relatioun zu der Propaganda Due–Loge, déi 1944 vum Licio Gelli gegrënnt gouf, a 1976 aus der Freimaurerei ausgeschloss gouf.

Ausserdeem huet de Yallop och d'Kardineel Jean-Marie Villot, Kardinolstaatssekretär an John Cody, Äerzbëschof vu Chicago, mat dem Doud vum Poopst a Verbindung bruecht, well déi zwéin anscheinend vun hiren Ämter sollten enthuewe ginn. Dës Theorie, déi och vum Francis Ford Coppola a sengem Film Der Pate III opgegraff gouf an am Philipp Vandenberg sengem Roman Sixtinische Verschwörung beschriwwe gëtt, hält sech daper.

Séilegspriechungsprozess änneren

De Prozess fir d'Séilegspriechung vum Jean-Paul I. (Diözesan-Phas) huet am Joer 2003 a sengem Heemechtsbistum Belluno-Feltre ugefaangen, a gouf den 10. November 2006 ofgeschloss. Den 3. Januar 2007 huet déi réimesch Phas ugefaangen.

Literatur änneren

Biographien und Wierker änneren

  • Albino Luciani: Ihr ergebener Albino Luciani: Briefe an Persönlichkeiten, Verlag Neue Stadt 1997, ISBN 3-87996-362-2
  • Andrea Lazzarini: Johannes Paul I. Der Papst eines neuen Morgens, Herder. Freiburg Basel Wien 1978.
  • Regina Kummer: Albino Luciani, Papst Johannes Paul I. - ein Leben für die Kirche, Verlag Styria 1991, ISBN 3-222-12004-8
  • J.R.Grigulevic: Die Päpste des XX. Jahrhunderts, Urania-Verlag. Leipzig-Jena-Berlin 1984
  • Mathieu-Rosay, Jean Die Päpste im 20. Jahrhundert ISBN 3-89678-531-1, Primus Verlag 2005

Beschreiwung vum Doud änneren

  • Hans Bankl: Viele Wege führten in die Ewigkeit. Schicksal und Ende außergewöhnlicher Persönlichkeiten, Verlag Wilhelm Maudrich, ISBN 3-85175-574-X

Verschwörungstheorien änneren

Um Spaweck änneren

Virgänger   Nofollger
Paul VI. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Jean-Paul II.


Commons: Jean-Paul I. – Biller, Videoen oder Audiodateien