Jean-Jacques Heilmann (Erfinder)

franséischen Erfinder
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean-Jacques Heilmann gebuer 1853 a gestuerwen 1922 war e franséischen Eisebunnsingenieur an Erfinder vu Mulhouse. Hie war vun däitsch-Schwäizer[1] Ofstamung, säi Papp war de Fotograf Jean-Jacques Heilmann.

Jean-Jacques Heilmann
Gebuer November 1853
Mulhouse
Gestuerwen 1922
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Ingenieur, Erfinder
Famill
Papp Jean-Jacques Heilmann

De J.-J. Heilmann huet fir d'Chemins de fer de l'Ouest e Prototyp vu Lokomotiv entwéckelt déi als de Virgänger vun de Lokomotive mat elektrescher Transmissioun gëllt. Et war eng Damp-Elektrolokomotiv déi mat engem Dampmotor, mat sechs vertikalen Zylinderen, zwou Generatricen ugedriwwen huet fir de Stroum ze produzéieren, fir déi aacht Motoren unzedreiwen déi op zwou véierachsege Bogië montéiert waren.

Literatur an Notten änneren

  • La locomotive Heilmann, in La nature, revue des sciences et de leurs applications aux arts et à l'industrie, 1897, S.399
  • Hospitalier, E., Le chemin de fer électrique système Heilmann», in La nature, revue des sciences et de leurs applications aux arts et à l'industrie, 1891, SS: 410-411
  • Nantousy, Max, La locomotive électrique, in L'Illustration, 21. Januar 1893.
  • Pennaneach, M., Combe, J.-M., Les locomotives thermoélectriques de Jean-Jacques Heilmann in La technologie au risque de l'histoire, Université de technologie de Belfort-Montbéliard, 2000.

Referenzen änneren

  1. Larousse des trains et des chemins de fer S. 296, Editioun 2005