Compagnie des chemins de fer de l'Ouest

D'Compagnie des chemins de fer de l'Ouest ass eng fréier franséisch Eisebunnsgesellschaft déi hiert Eisebunnsnetz haaptsächlech an der Normandie an an der Bretagne hat. Se gouf 1909 vum franséische Staat opkaaft.

D'Compagnie de l'Ouest gouf 1851 gegrënnt an huet am Ufank d'Strecke Viroflay-Chartes, Paräis-Laval an zwou Versailler Strecken exploitéiert. An der elektrescher Tractioun huet si eng Pionéierroll gespillt. Op hirem 400 km laange Meterspuerregionalnetz, dem Réseau breton, goufe vun 1893 un Tester gemaach.

Op hirem Héichpunkt, ëm 1909, huet se 6 098 km exploitéiert, mat grousse Linne wéi Paräis-Rennes-Brest, Paräis-Caen-Cherbourg oder och Paräis-Grandville. Se hat awer och e grousse Batz vu regionale Strecken an der Bretagne an an der Normandie déi haaptsächlech méi kleng Uertschafte matenee verbonnen hunn. Well et an deene ländleche Géigende keng Industriestied gouf, an et sou och net vill Schwéiertransport ze maache gouf, huet se staark ënner dem Handicap gelidden, an och wann och hir grouss Strecken exzellent gelaf sinn, sou huet se dach sou vill Defizit gemaach, datt se schliisslech hire Reseau un d'Staatseisebunnen ofgetrueden huet.