Jean-François Ortmans

belsche Politiker

De Jean-François Ortmans gebuer de 5. August 1805 zu Verviers an och do gestuerwen den 2. Februar 1885 war e belsche liberale Politiker vu Verviers.

Jean-François Ortmans
Gebuer 5. August 1806
Verviers
Gestuerwen 2. Februar 1885
Verviers
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Politiker, Chimist

Den Ortmans war 1848 zu Verviers an de Gemengerot gewielt ginn, wou en dann 1849 Schäffe gouf. 1855 gouf e Buergermeeschter an ass dat drësseg Joer bis zu sengem Doud bliwwen.

An der Zäit wéi e Buergermeeschter war goufe vill Quartiere vun der Stad assainéiert, d'Stroosse goufe méi breet gemaach a verschidde Parken an ëffentlech Gäert goufen ugeluecht. Verschidde Monumenter wéi d'Escaliers de la Paix an d'Fontaine David goufen opgeriicht. Hien huet sech dofir agesat datt dem Komponist Henri Vieuxtemps seng Äsche sollten zeréck op Verviers kommen.

Den 9. Juni 1874 gouf hien an d'Chambre des Représentants gewielt wou hien d'Arrondissement Verviers bis zu sengem Doud vertrueden huet.

Am Unterrechtswiesen huet hie sech fir eng Beruffsschoul agesat, eng Schoul fir Meedercher, an eng Museksschoul. Den ale Kolléisch gouf 1871 duerch en neie modernen Atheneum ersat.

Zu sengen Haaptwierker hunn awer de Bau vun der Gileppe an den Ausbau vum Drénkwaassernetz zu Verviers gehéiert.

Fir un hien z'erënnere gouf e puer Joer no sengem Doud zu Verviers de monumentalen Ortmans-Buer opgericht mat senger Büst op engem Stäil.