Jean-Frédéric d'Autel

De Jean-Frédéric d'Autel, Barong vu Vogelsang an Elter, spéider Grof vun Elter, gebuer de 7. September 1645 zu Lëtzebuerg a gestuerwen den 1. August 1716 war e Lëtzebuerger Offizéier am Déngscht vun der Spuenescher Kroun.

Jean-Frédéric d'Autel
Gebuer 7. September 1645
Lëtzebuerg
Gestuerwen 1. August 1716

Nodeem den d'Autel eng Zäit militäresche Beroder vum Provënzialrot vu Lëtzebuerg war, ass hie bei d'Arméi gaangen, wou e seng Carrière als Colonel vun engem héichdäitsche Regiment am Déngscht vu Spuenien ugefaangen huet. Kuerz drop gouf e Generolleitnant vum Pfalzgrof sengen Truppen, duerno Artilleriesgenerol vum Keeser Leopold I. an duerno Feldmarschall.

Hie war bal bei all de Krichereien aus der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert mat derbäi, ë. a. bei der Schluecht vu Seneffe, a bei deene vu Fleurus, Steenkerke an Neerwinden.

Fir seng grouss Verdéngschter krut e 1685 vum spuenesche Kinnek Karel II. de Grofentitel woumat anengems d'Baronnie vun Elter eng Grofschaft gouf. Nom Fridde vu Ryswick gouf hie Gouverneur a Generolkapitän vun de Stied a vum Herzogtum Lëtzebuerg a vun der Grofschaft Chiny. Hien hat och d'Geriichtsbarkeet iwwer d'Noblesse vun deenen Territoiren an de Philppe V. vu Spuenien huet en zum Ritter vum Gëllene Vlies geschloen. Well de Keeser Joseph I. an engem Ierfschaftssträit mat de Spuenier war huet deen déi Auszeechnung net unerkannt.

Quellen änneren

  • Biographie nationale de Belgique
  • Nobiliaire des Pays-Bas, et du comté de Bourgogne.