Jean-Baptiste Schilling

lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker

De Jean-Baptiste Schilling, gebuer den 28. Januar 1899 zu Téiteng a gestuerwen de 25. Mäerz 1983, war e lëtzebuergeschen Eisebunner, Gewerkschaftler a Politiker (LSAP).[1]

Jean-Baptiste Schilling
Gebuer 28. Januar 1899
Téiteng
Gestuerwen 25. Mäerz 1983
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Eisebunner
Partei LSAP

1924 ass hie Member vun der LSAP ginn a bei de Chamberwale vum 1. Februar 1959 huet hien am Walbezierk Zentrum fir d'LSAP kandidéiert. No der Demissioun vum Antoine Wehenkel gouf hien den 3. Abrëll 1962 als Deputéierten an der Chamber vereedegt.[2] Bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964 gouf hien erëmgewielt an hien huet säi Mandat bis zum Enn vun der Legislaturperiod 1968 erfëllt.[1]

Hie war 20 Joer Member respektiv Vize-President vun der Chambre des employés privés.[1]

Hie war vun 1952 bis 1969 Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. 1974 huet hien do de Robert Krieps ersat, wéi dee Regierungsmember gouf an ass bis 1980 Member vum Gemengerot bliwwen, wéi hien net méi kandidéiert huet.[1]

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Hommage un de Jean-Baptiste Schilling an der 55. Sëtzung vun der Chamber am Sëtzungsjoer 1982-83 den 12. Abrëll 1983
  2. Vereedegung vum Jean-Baptiste Schilling an der 43. Sëtzung vum Sëtzungsjoer 1961-62 vun der Chamber den 3. Abrëll 1962
  3. Memorial A N° 12 vun 1958 mat der Lëscht vun de Leit déi 1958 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-03-21.