Den Hubert (och: Hubertus oder Huybrecht) van Eyck, gebuer ëm 1366, vläicht zu Maaseik, a gestuerwen den 18. August oder 18. September 1426, war e Moler aus de Südlechen Nidderlanden (Flandern), an de grousse Brudder vum Moler Jan van Eyck.

Hie kënnt aus enger Molerfamill. Vun him ass d'Bild De drie Maria's aan het graf ("Déi dräi Mariae beim Graf"), dat haut am Museum Boijmans Van Beuningen zu Rotterdam ze gesinn ass.

Dat bekanntst Konschtwierk, mat deem hien a Verbindung steet, ass awer de Genter Altor (och: Het Lam Gods oder L'adoration de l'agneau mystique genannt), dat hien zesumme mat sengem Brudder Jan, wann net gemoolt, dann op d'mannst entworf a vläicht och ugefaangen huet.

Um Spaweck änneren

Commons: Hubert van Eyck – Biller, Videoen oder Audiodateien