Jacques Prange

Schrëftsteller


De Jacques Prange, gebuer de 5. Mäerz 1959 zu Boende an der Demokratescher Republik Kongo, ass e Schrëftsteller.

Jacques Prange
Gebuer 5. Mäerz 1959
Boende
Educatioun Stater Jongelycée,
Universitéit vu Sheffield,
Universitéit vun Nîmes
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Geschwëster Michèle Prange

Vun 1965 bis 1971 huet hie seng Primärschoul am Neiduerf gemaach a war duerno bis 1978 am Jongelycée um Lampertsbierg. Vun 1979 bis 2013 huet hien am Finanzsecteur zu Lëtzebuerg geschafft. Zënterhier lieft hien ofwiesselnd zu Lëtzebuerg a bei Nîmes. Vun 2016 bis 2019 huet hien e Studium a Lettres modernes appliquées gemaach.

Am Joer 2020 koum säin éischte Roman, La Nîmoise, op Franséisch eraus.

Hien ass de Brudder vun der Schrëftstellerin Michèle Prange.

Wierker änneren

Um Spaweck änneren