De Jacques Hansen, gebuer den 10. Juni 1950 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 24. Juli 2016 zu Baaschtnech[1], war Direkter vun der lëtzebuergescher Croix-Rouge.[2]

Jacques Hansen
Gebuer 10. Juni 1950
Lëtzebuerg
Gestuerwen 24. Juli 2016
Baaschtnech
Nationalitéit Lëtzebuerg

Vun 1973 bis 1979 war de Jacques Hansen Commissaire à l'information vun der Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg.[3]

De Jacques Hansen huet seng berufflech Carrière bei der Caisse de pension des indépendants ugefaangen.[2] Vun 1986 bis 2012 war hien Direkter vun der Croix-Rouge. Vum 1. Januar 2013 u war hien an der Pensioun.[4]

2012 gouf de Jacques Hansen Grand Maître vun der Grande Loge de Luxembourg.[5]

Hie war de Brudder vum Physiker Jean-Pierre Hansen an den Enkel vum Professer Joseph Hansen. Hie war mat der Doktesch Danielle Koenig, der Duechter vum Fernand Koenig bestuet.[2]

Literatur änneren

  • Ahlborn, Henri & Marc Crochet: Jacques Hansen (1950-2016), directeur honoraire et membre du Conseil d'administration de la Croix-Rouge luxembourgeoise. Luxemburger Wort 2016-11-21, S. 57.

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort 2016-07-26, S. 30 (avis mortuaires).
  2. 2,0 2,1 2,2 Ahlborn & Crochet 2016.
  3. Historique FNEL Archivéiert op 2016-12-29. Gekuckt de(n) 2016-11-27.
  4. Jacques Hansen, 26 ans au service des plus vulnérables. Croix-Rouge luxembourgeoise. Archivéiert op 2017-01-02. Gekuckt de(n) 2016-11-24.
  5. Jacques Hansen neuer Großmeister der Freimaurer. Lëtzebuerg Privat, 5. November 2012. Archivéiert op 2016-09-23. Gekuckt de(n) 2016-11-24.