D'Canadian Space Agency (CSA) respektiv Agence Spatiale Canadienne (franséisch ASC) ass déi kanadesch Weltraumorganisatioun. Si gouf am Mäerz 1989 gegrënnt.

Dextre, d'Hand vum Canadarm2 (NASA).

D'CSA/ASC hat 2005 ronn 635 Beschäftegter, déi gréisstendeels am Haaptquartéier Centre spatial John H. Chapman zu Longueuil, Québec geschafft huet. Si versteet sech als féierend Organ fir friddlecht Benotzen an Entwécklung vum Weltraum, a fir sécherzestellen datt d'Weltraumwëssenschaft an -technologie de Kanadier e sozialen an ekonomesche Benefice bréngen.

"To promote the peaceful use and development of space, to advance the knowledge of space through science and to ensure that space science and technology provide social and economic benefits for Canadians".

President vun der CSA/ASC ass zanter dem 1. September 2008 de Steve MacLean.

Kuckt och: änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Astronauts from Canada – Biller, Videoen oder Audiodateien