D'Iveta Radičová, gebuer Karafiátová de 7. Dezember 1956 zu Bratislava, ass eng fréier slowakesch Politikerin. Si war Member a Vizepresidentin vun der Partei SDKÚ-DS, a war vum 8. Juli 2010 bis de 4. Abrëll 2012 Premierministesch vun der Regierung vun hirem Land.

Iveta Radičová
Gebuertsnumm Iveta Karafiátová
Gebuer 7. Dezember 1956
Bratislava
Nationalitéit Slowakei
Educatioun Comenius-Universitéit Bratislava,
University of Oxford
Aktivitéit Politiker, Soziolog

D'Iveta Radičová huet en Doktorat a Soziologie. Si huet am akadeemesche Beräich geschafft a gouf Direktesch vun enger Fuerschungsstëftung. 2005 gouf se Ministesch fir Aarbecht, Famill a Soziales an der Regierung vum Mikuláš Dzurinda. 2009 hat si fir d'Amt vum Staatspresident kandidéiert, huet awer am zweeten Tour verluer.

Am Juli 2010 gouf si Regierungschefin ënner enger Véierparteiekoalitioun. Am Oktober 2011 huet dës Regierung bei engem Vertrauensvote am Parlament keng Majoritéit méi kritt, soudatt se bis zu Neiwalen am Abrëll 2012 just nach kommissaresch am Amt war.

Ufanks Mee 2012 ass si aus der SDKU ausgetrueden, well dës an hiren Aen Korruptiounsvirwërf net kläre konnt.

Um Spaweck änneren

Commons: Iveta Radičová – Biller, Videoen oder Audiodateien