Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Archipel Nuestra Señora del Rosario, kuerz Islas del Rosario (engl. Rosario Islands) genannt, gehéiert zu Kolumbien, besteet aus 28 klengen Inselen a läit ongeféier 40 km südwestlech vu Cartagena de Indias am Karibesche Mier. Déi "gréissten" Insel ass d'Isla Grande. D'Insele si virun ongeféier 5.000 Joer duerch vulkanesch Aktivitéiten ënner dem Mier entstanen.

Islas del Rosario
Geographie
Land Kolumbien
Läit an/am Karibescht Mier
Koordinaten 10°10'30"N, 75°45'0"W
Verwaltung
Demographie
Aner Informatiounen

De Mënsch war op dësem Archipel schonn virun der Entdeckung vun Amerika duerch de Christoph Kolumbus ukomm.

Haut sinn d'Islas del Rosario mat hirem glasklorem Waasser an de Koralleriffer e beléift Ausfluchzil an Dauchrevéier. Si sinn ee vun den 52 Natur-Nationalparke vu Kolumbien a kënne vu Cartagena aus mat engem (Schnell-)Boot an ongeféier 1½ Stonnen erreecht ginn.

Cartagena läit ongeféier 45 Fluchminuten an 19 Busstonne vu Bogotá ewech.

Um Spaweck änneren

Commons: Islas del Rosario – Biller, Videoen oder Audiodateien