Iris Roseneck
lëtzebuergesch Schéisserin
D'Iris Roseneck oder Iris Kremer-Roseneck, gebuer de 25. Juli 1967 zu Quierschied am Saarland (Däitschland)[1] ass eng fréier lëtzebuergesch Schéisserin an Olympionickin.[2]
Iris Roseneck | |
---|---|
Gebuer |
25. Juli 1967 Quierschied |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sportschéisser |
Sportlech Karriär
ännerenD'Iris Roseneck huet 1981 mam Sportschéissen ugefaangen a war beim Sport-Schéiss-Club Kayl lizenzéiert[3].
Fir d'Olympesch Summerspiller 1996 zu Atlanta hat si sech net qualifizéiert, konnt awer mat enger Wildcard un de Spiller deelhuelen. Mam Loftgewier koum si ënner 49 Konkurrentinnen aus 30 Natioune mat 387 Réng op d'Plaz 31.[4]
Privates
ännerenD'Iris Roseneck ass mam Schéisser Claude Kremer bestuet; si krut 1992 déi Lëtzebuerger Nationalitéit.[4]
Kuckt och
änneren- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
änneren- ↑ Olympedia – Iris Kremer-Roseneck. www.olympedia.org. Gekuckt de(n) 24.06.2024.
- ↑ Iris Roseneck op der Websäit vun der 'Association Luxembourgoise des Olympiens'
- ↑ (de)Jos Mersch, Historique. SPORT-SCHÉISS-CLUB KAYL (24.01.2024). Gekuckt de(n) 24.06.2024.
- ↑ 4,0 4,1 Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S.84-85. ISBN 978-2-9599734-5-1