Angel Cara

lëtzebuergesch Sängerin

D'Cara Anna Wagner, besser bekannt als Angel Cara, ass eng lëtzebuergesch Pop-Sängerin. Hir Musek fält an de Genre vum Alternative Pop an dem Dark Pop.[1]

Angel Cara
Gebuertsnumm Cara Anna Wagner

Liewen änneren

Der Angel Cara hir Mamm ass Italieenerin a kënnt aus der Regioun Emilia-Romagna. Si selwer ass zu Zolwer opgewuess.[2] Si huet am Alter vu siwe Joer ugefaange Solfège a spéider Cello a Piano um Escher Conservatoire ze léieren.[3] Mat ëm déi 15 Joer huet si domat opgehalen, an der Schoul awer weider Theater a Musical gemaach.[3],[4]

Als Jugendlech huet si e puer Joer laang gemodelt. 2018 huet si beim internationale Modelconcours "Miss Europe Continental" zu Neapel matgemaach.[2]

2019 koum mat Blood eng éischt Single vun der Angel Cara eraus. 2021, am Alter vun 22 Joer, huet si bei der Newcomerkompetitioun Screaming Fields matgemaach.[3] Am selwechte Joer koum d'Single Forgiveness eraus, eng Zesummenaarbecht mam Tom Gatti,[5] fir déi hiren deemolege Manager Navid Razvi e Clip an engem Hotel um Kierchbierg gedréint huet.[4] E puer Méint méi spéit gouf d'Lidd Beautiful verëffentlecht. Et ëmschreift d'Fassad, déi d'Sängerin sech vu Joer zu Joer opgebaut huet, an déi lues a lues bréckelt.[6]

Am Juni 2022 huet d'Angel Cara den Titel Sick of Me erausbruecht, den éischten Extrait vun der ugekënnegter EP. Den Tun Tonnar huet dat Lidd produzéiert. Den zweeten Extrait Dior Bag gouf vum Max Hochmuth produzéiert.[7] D'EP Music to Cry To mat sechs Titele koum de 26. September 2022 op de Maart. D'Sängerin hat bal zwee Joer doru geschafft.[8]

Am Abrëll 2023 war d'Angel Cara zesumme mam Irem ee vun de Opener vum Concert vum Chaild an der Kulturfabrik. Am Juni ass si bei den Escher Francofolies an am August um e-Lake Festival opgetrueden.[9],[10]

Den 1. September 2023 hunn d'Angel Cara an den Chaild hiren Duett Kiss Me While U Can virgestallt. Deen Dance-Pop-Titel gouf vum Tun Tonnar produzéiert a vum Tom Gatti gemastert.[11]

Diskografie änneren

EP änneren

  • 2023: Music to Cry To

Singelen änneren

  • 2019: Blood
  • 2021: Forgiveness
  • 2021: Beautiful
  • 2021: One Day
  • 2022: Sick of Me
  • 2022: Dior Bag
  • 2023: Snowflakes
  • 2023: Kiss Me While U Can (mam Chaild)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. wort.lu: Die luxemburgische Sängerin Angel Cara „will mit Tabus brechen“ vum Nora Schloesser (21. Dezember 2022)
  2. 2,0 2,1 wort.lu: Luxemburger Miss-Hoffnung (24. November 2018)
  3. 3,0 3,1 3,2 lessentiel.lu: «Écrire me permet de relâcher un peu la pression» (8. Juli 2021)
  4. 4,0 4,1 today.rtl.lu: Interview with newcomer Angel Cara vum Valeria Wiwinius (23. Maërz 2021)
  5. eldo.lu: Angel Cara - Forgiveness (9. Mäerz 2021)
  6. eldo.lu: Angel Cara - Beautiful (17. Mee 2021)
  7. eldo.lu: Nei Single vum Angel Cara (7. Juli 2022)
  8. eldo.lu: Angel Cara - Music To Cry To (26. September 2022)
  9. lequotidien.lu: Le Femme, Angel Cara, Miet… La programmation des Francofolies d’Esch s’étoffe vum Jérémie Nadé (3. Februar 2023)
  10. eldo.lu: e-Lake festival (27. Juli 2023)
  11. eldo.lu: Angel Cara & CHAiLD "kiss me while u can" (30. August 2023)