Irbich-Viaduc

Stroossebréck iwwer d'Irbich bei Maarnech

Den Irbich-Viaduc ass eng Stroossebréck iwwer d'Irbich bei Maarnech, um Flouer Fëschberfuert, déi am Juni 2022 mam éischten Deel vun der Transversale de Clervaux opgemaach gouf[1].

Irbich-Viaduc
Den Irbich-Viaduc a Richtung Westen gekuckt
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Klierf
Koordinaten 50° 03’ 51.66’’ N
      06° 02’ 49.06’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Benotzt vun N90
Féiert iwwer Irbich
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck (2 Huelkëschtendunnen)
Totallängt 265
Felder/Béi 7
Feldbreet(en) 25 m - 35 m - 45 m - 55 m - 45 m - 35 m - 25 m
Breet 14,60 (Tablier)
2 Fuerbunne vun 3,50 m
2 Trëttoire vun 3,12 m
Héicht 38
Material Stol, Béton-armé
Bemierkungen
Opgaangen 10.06.2022
Architekt(en)
Konzeptioun
TR-Engineering S.A.
Konstruktiounsatelier Baudin vu Châteauneuf-sur-Loire

Et ass eng 265 Meter laang a bis zu 38 Meter héich Dunnebréck mat enger Stroossebreet vu 7 m[2]. Se steet op 6 Peiler, déi tëscht 12 a 36 Meter héich sinn[3]. D'Bréck mécht e Bou mat engem Radius vun 350 m. Wéinst der Schréi vum Tablier hunn d'Huelkëschtendunnen am Breetschnëtt d'Form vun engem onreegelméissegen Trapez, mat verschidden Héichte vun de Säiten.

Nodeems d'Peiler gebaut waren, hunn am Summer 2017 d'Aarbechten ugefaangen, d'stolen Dunnen, déi den Tablier droen, op d'Pilieren ze drécken[4]. D'Aarbechten op der Bréck waren am Abrëll 2021 fäerdeg[2].

Um Spaweck änneren

Commons: Irbich-Viaduc – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. "Umgehung von Clerf kommt voran." wort.lu, 11.03.2019.
  2. 2,0 2,1 (fr)Transversale de Clervaux: 1er tronçon inauguré !. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 04.04.2023.
  3. "Nouvelle transversale de Clervaux - Viaduc Irbich (Lot 1)." op tr-engineering.lu.
  4. "Arbeiten für 'Transversale de Clervaux': Brückenschlag in die Zukunft." wort.lu, 27.07.2017.