D'Irbich ass eng Baach am Éislek an eng lénks Niewebaach vun der Klierf. Si entspréngt op enger Héicht vu 500 Meter, an engem Hang zu Hëpperdang.

Irbich
D'Irbich virum Zesummelaf mat der Fëschbech
Längt 11.850 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Hëpperdang
Héicht 500 m
Koordinaten 50° 05’ 41.1’’ N 06° 03’ 28.6’’ O
Konfluenz
Leeft an Klierf
Plaz Draufelt (Aal)
Héicht 313.5 m
Koordinaten 50° 00’ 58.1’’ N 06° 00’ 32.0’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Éislek
Uertschaften Ischpelt, Reiler

Si ass 11,85 km laang a fléisst a südlecher Richtung. Dobäi leeft se ëstlech laanscht Ischpelt, ënner dem Irbich-Viaduc erduerch, laanscht Reiler, an dann duerch en eppes iwwer 5 km laangen enken Dall, dovun déi lescht 2 km a südwestlecher Richtung.

Nodeems s'ënner dem CR326c erduerch gelaf ass, leeft se, 200 Meter ëstlech vun Draufelt, op enger Héicht vun 313.5 m, vu lénks an d'Klierf.

Op hirem Laf hëlt si, vu lénks, noeneen d'Haardbaach, d'Grandsenerbaach, d'Fëschbech, d'Spelleschbaach an d'Hatzelbaach op, sou wéi eng hallef Dose kleng Baachen ouni Numm.

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Irbich – Biller, Videoen oder Audiodateien