Intergalaktesche Medium

Als intergalaktesche Medium (englesch: intergalactic medium - IGM), och intergalaktesche Gas, bezeechent een de Waasserstoff-Gas, deen net un eenzel Galaxië gebonnen ass, mä de Raum tëscht hinne fëllt. Et besteet haaptsächlech aus ioniséiertem Waasserstoff-Gas/-Plasma (HII); den neutrale Waasserstoff (H oder HI) mécht nëmmen ongeféier ee Milliounstel vum ganze Medium aus.

Den IGM sollt net mat dem Interstellare Medium verwiesselt ginn, deen tëscht de Stäre läit. D'Grenzen tëscht intergalakteschem an interstellarem Medium si fléissend.

Andeelung änneren

Warm-Hot Intergalactic Medium (WHIM) änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Warm-Hot Intergalactic Medium 


Als WHIM bezeechent een de Medium tëscht eenzele Galaxien. Als Indiz fir den intergalaktesche Medium gëtt den Lyman-Alpha-Bësch an den optesche Spektre vu Quasaren déi wäit ewech leien oder vun aneren aktive Galaxiëkäre gewäert. D'Absorptiounslinne ginn dobäi duerch den neutrale Waasserstoff, dee sech an de kosmesche Filamenter sammelt, gebilt.[1]

2001 goufen an engem Quasar Unzeeche fir dëse Gunn-Peterson-Effet entdeckt. Dee Gas misst sech an der Hannergrondstralung am Röntgen- oder ënner Ëmstänn och am Gammaberäich weisen. Observatioune vum Röntgensatellit Chandra weisen awer, datt op d'mannst 75 % vun der Hannergrondstralung am haarde Röntgenberäich an de Quasaren, Seyfert-Galaxien oder aktive Galaxiëkären opgeléist kënne ginn. Sou bleift net vill Plaz fir en allgemengen intergalaktesche Medium.[2]

Intracluster-Medium (ICM) änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Intracluster-Medium 


Als Intracluster-Medium bezeechent een de Medium an de Galaxiëkéip (Clusteren). Wéinst senger relativ héijer Temperatur vun 107 bis 108 K ass den ICM duerch seng Röntgenstralung, déi als Bremsstralung entsteet, observéierbar. De Gas ass komplett ioniséiert a mécht ongeféier 15 % vun der ganzer Mass vun engem Koup aus. Et ass domat déi dominant baryonesch Komponent an de Galaxiëkéip.[3]

Referenzen änneren

  1. Philip Richter: Ein Überblick über das Arbeitsgebiet der Astrophysik II der Uni Potsdam
  2. A. Unsöld und B. Baschek: Der neue Kosmos S.474 (7A)
  3. Peter Schneider: Einführung in die Extragalaktische Astronomie und Kosmologie. Springer, Dezember 2005, ISBN 3-540-25832-9