Als Lyman-α-Bësch (och Lyα-Bësch, an der Fachsprooch dacks och Lyman-alpha forest genannt) ginn Usammlunge vu schaarfen Absorptiounslinne am Spektrum vu Quasare bezeechent. Dës Linnen entstinn duerch d'Absorptioun vum Liicht duerch Wolleken aus intergalakteschem Gas op der Siichtlinn zum Quasar, haaptsächlech de Ly-α-Iwwergank vum neutrale Waasserstoff. Well den Duerchgank vum Liicht duerch dës Gaswolleke bei ënnerschiddleche Routverrécklungen (ënnerschiddlech Distanzen) ass, schléisst sech de Lyman-Alpha-Bësch op der Säit vu méi kuerze Wellelängten un déi routverréckelt Ly-α-Emissiounslinn vum Quasar un.

Wéi Ënnersich gewisen hunn, gëtt d'Zuel vun dëse Linne mat der Distanz vun den Objete méi grouss, wouraus d'Astronomen ofleeden, datt d'Linnen net vun den Objete selwer, mä vu Waasserstoffwolleke stamen, déi tëscht den Objeten an der Äerd sinn. Domat loosse sech aus der Zuel, der Verdeelung an der Stäerkt (Breet an Opazitéit) vun den Absorptiounslinne Réckschlëss op d'Verdeelung an d'Dicht vun de Wolleken (an doraus nees vu Galaxien) am Universum zéien. Aus dësen Informatiounen nees kënnen d'Astronomen en ettlech Eegenschafte vum ganzen Universum, wéi d'Struktur vum Kosmos, d'Hubble-Konstant an d'Dicht-Verdeelung ofleeden.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren