Inglourious Basterds ass e kontrafaktesche Krichsfilm vum Quentin Tarantino aus dem Joer 2009, deen an der Tëschenzäit zu sengem finanziell erfollegräichste Film gouf.

Inglourious Basterds
Film
Produktiounsland Däitschland,
USA
Produktiounsjoer 2009
Première 20. Mee 2009
Dauer 153 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Franséisch
Däitsch
Italieenesch
Ekipp
Regie Quentin Tarantino
Dréibuch Quentin Tarantino
Fotografie Robert Richardson
Musek Ennio Morricone a vill anerer
Produzent Lawrence Bender
Produktiouns-
gesellschaft
The Weinstein Company,
Universal Studios,
Studio Babelsberg
Schauspiller
Brad Pitt als Lt. Aldo Raine
Mélanie Laurent als Shosanna Dreyfus
Christoph Waltz als SS-Standartenführer Hans Landa
Michael Fassbender als Lt. Archie Hicox
Eli Roth als Sgt. Donny Donowitz
Diane Kruger als Bridget von Hammersmark
Daniel Brühl als Fredrick Zoller
Til Schweiger als Feldwebel Hugo Stiglitz
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Déi falsch englesch Schreifweis vum Filmtitel ass eng Variatioun vum Enzo Castellari sengem Film Quel maledetto treno blindato (am Engleschen The Inglorious Bastards), deen dem Tarantino als Inspiratioun gedéngt huet.

Ëm wat geet et am Film? änneren

E jiddesche Spezialkommando am Zweete Weltkrich huet hanner de feindleche Linnen als eenzegt Zil, souvill Nazien ëmzebrénge wéi méiglech a se dann ze skalpéieren. A wa se ausnamsweis een um Liewe loossen, da rëtze se him en Hakekräiz an d'Stir fir datt e spéider ni soe kann, e wier keen Nazi gewiescht. Zwar weist den Tarantino e puer eenzel Beispillszeene wéi d'Basterds agéieren, mä dorëms geet et an der Haaptsaach guer net.

De Film ass, a Kapitelen opgedeelt, eng Revanchephantasie, déi sech weeder ëm historesch Fakten nach ëm d'Komplexitéit vun der Moral këmmert, mä wou Gewalt alles léist an d'Drëtt Räich just ee Sputt ewech ass vun enger cartoonhafter Defaite, well fir de Regisseur de Kino souwisou ëmmer déi besser Wierklechkeet war.

Den Ufank vum Film bleift geschloen 20 Minutte bei engem franséische Bauer a sengem Gespréich mam SS-Standarteführer Hans Landa.

Gielercher änneren

De Christoph Waltz huet 2010 en Oscar als Beschten Niewenacteur kritt. Hie krut och den Acteurspräis vun den 62. Filmfestspiller vu Cannes, e Golden Globe als Beschten Niewenacteur, de Screen Actors Guild Award a BAFTA Award als Beschten Niewenacteur an den däitsche Mediepräis Bambi an der Kategorie "Film International".

De Film war och nach fir siwe weider Oscaren an dräi weider Golden Globes nominéiert, grad wéi fir d'Gëlle Palm vu Cannes, mä e konnt schlussendlech kee vun deene Gielercher mat heem huelen.

Um Spaweck änneren