Infraroutexzess

Iwwerschoss un Infraroutstralung an der Astrophysik

De Begrëff Infraroutexzess beschreift an der Astrophysik en onerwaarten Iwwerschoss un Infraroutstralung.

Aféierung änneren

Als Éischt kann d'Stralung vu Stären oder aneren astronomeschen Objete wéi déi vun engem schwaarze Kierper beschriwwe ginn. Mat der Angab vun enger Temperatur op der Stärenuewerfläch kann d'Verdeelung vun der elektromagnéitescher Stralung am opteschen an infraroude Spektralberäich mat Hëllef vum Stralungsgesetz vum Planck berechent ginn. En Infraroutexzess beschreift en däitlechen Iwwerschoss vu gemoossener Stralung am Infrarout am Verglach zum fällege Wäert nom Planck-Stralungsgesetz. En Infraroutexzess ass meeschtens d'Folleg vun engem zirkumstellare Mantel aus Stëbs oder Gas, deen d'Stralung am Opteschen absorbéiert, sech dobäi op e puer honnert Grad Kelvin uwiermt an d'Stralung am Infrarout nees ofstraalt.

Beispill änneren

E Beispill fir en observéierten Infraroutexzess ass Beta Pictoris.[1]

Referenzen änneren

  1. Der Stern zum Wochenende: Beta Pictoris. Astrodicticum Simplex auf ScienceBlogs.de. 24. Mai 2008.