Indexkommissioun
Duerch de Règlement grand-ducal vum 20. Dezember 1999, iwwer d'Opstelle vum Index vun de Konsumpräisser, gouf eng Indexkommissioun geschaf. Si ass chargéiert fir de STATEC ze beroden an him ze hëllefen den Index vun de Konsumpräisser all Mount opzestellen. Ausserdeem huet si och d'Missioun, fir beim Berechne vum Index, d'Konformitéit mat den nationalen an europäesche Virschrëften z'iwwerwaachen.
Hir Kompositioun
änneren- 4 Vertrieder vun de representativste Salariatsgewerkschaften.
- 4 Vertrieder vum Patronat, dovun ginn der 2 vun der Chambre de commerce, 1 vun der Chambre des métiers an 1 vun der Chambre d'agriculture proposéiert.
- 1 Vertrieder vum Wirtschaftsministère.
- 2 Membere mat enger spezieller Kompetenz wat d'Konsumpräisser oder d'Wirtschaft ugeet.
- 1 Vertrieder vun der Zentralbank.
- 2 Vertrieder vum STATEC, wouvun een de Poste vum President an den aneren dee vum Sekretär huet.