iPhoto war e Fotobeaarbechtungsprogramm vun Apple fir de Betribssystem Mac OS X.

E war deel vum Softwarepak iLife.

E war vun 2002 un op all Mac-PC installéiert. Déi lescht Versioun koum am Mäerz 2015 eraus. Duerno gouf en duerch Apple Photos ersat.

iPhoto konnt digital Fotoen importéieren, organiséieren, beaarbechten, ausdrécken an deelen.