Hyman Josefson

US-amerikaneschen Zaldot
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Den Hyman Josefson, gebuer de 14. Abrëll 1909 zu South Fallsburg (New York) a gestuerwen den 9. September 1944 zu Péiteng, war en US-amerikaneschen Zaldot.

Hyman Josefson
Monument zu Péiteng
Gebuer 14. Abrëll 1909
South Fallsburg
Gestuerwen 9. September 1944
Péiteng
Nationalitéit USA
Aktivitéit Affekot, Offizéier

Hie war den éischten amerikaneschen Zaldot dee bei der Liberatioun vu Lëtzebuerg op Lëtzebuerger Territoire ëmkomm ass. Hie war zanter 10 Deeg Ersatz-Chef vum Troop A vun der 5. Panzerdivisioun. Säin M6 Greyhound gouf, nodeems seng Trupp den 9. September 1944 iwwer d'Grenz gefuer war, vun enger däitscher Panzergranat getraff. De Josefson ass a sengem Gefier verbrannt.[1].

Fir un hien z'erënnere gouf 1947 zu Péiteng e Monument opgeriicht an eng Plaz no him genannt (Square Hyman Josefson).

Säi Liewen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Referenzen an Notten änneren

  1. Hyman Josefson, der erste G.I., der 1944 in Luxemburg getötet wurde op tageblatt.lu den 9. September 2019