D'Hyazinthen (Hyacinthus) sinn eng Planzegattung aus der Famill vun den Hyazinthplanzen (Hyacinthaceae).

Hyazinthen
Eng Gaardenhyazinth: Lady Derby
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Liliopsida
Ënnerklass Liliidae
Uerdnung Hyazinthen
Famill Hyazinthplanzen
Wëssenschaftlechen Numm
Hyacinthus
L.
Gaardenhyazinth
Hyacinthus amethistinus
Hyacinthus azureus

D'Hyazinte sinn Ënneplanzen a si komme vun Natur aus haaptsächlech an Zentral- a Westasien vir. Do fënnt en se op fielsegen e kallekhaltegen Hänk. Si kënne bis op enger Héicht vun 2600 m wuessen. Si si beléift wéinst hirem pronocéierte Parfum a hirer schéiner Bléi an Drauweform.

Hir Blieder si 15 bis 35 cm laang.

Et gëtt dräi Aarten

  • Hyacinthus amethistinus oder Brimeura amethistina
  • Hyacinthus azureus oder Muscari azureum
  • Hyacinthus orientalis: Gaardenhyazinth

An der Natur kënnt d'Gardenhyazinth an der Mëtteltierkei, Syrien an am Libanon vir. Déi geziichten Zorten, ongeféier 30, stamen alleguer vun der Gaardenhyazinth af.

Déi bekanntst Zorte sinn:

  • Amethist: lila bis violett, staarke Parfum
  • Amsterdam: rosa bis rout
  • Anna Liza: hell purpur mat méi donkele Purpursträifen
  • Ostara: blo-violett
  • Delft Blue
  • King Kodro: blo mat duebele Bléien
  • Maria Christina: abrikosefuerweg
  • Woodstock: rout-brong

D'Hyacinthus romanus déi och zu den Hyazinthplanze gehéiert, ass aus der Gattung Bellevalia a kënnt haaptsächlech am Mëttelmierraum, am Süde vu Frankräich an a Griicheland vir.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hyacinthus (Hyacinthaceae) – Biller, Videoen oder Audiodateien