Houte-Si-Plou (Neupré)

Houte-si-Plou op Wallounesch Xhoutsiplou ass e klengt belscht Duerf am Condroz an der Gemeng Neupré an der Provënz Léck. Et läit um hallwe Wee laanscht d'Strooss déi vu Plainevaux op Esneux féiert.

Houte-Si-Plou
wa: Xhoutsiplou
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Neupré
Koordinaten 50° 31’ 40.53’’ N
      05° 31’ 48.96’’ O
Postcode 4122

Duerch d'Uertschaft leeft de Ruisseau du Fond Martin, deen zu Esneux an d'Ourthe leeft.

Dat klengt Nascht huet der symbolescher Université de Houte-Si-Plou den Numm ginn.