Hors d'haleine
Film vum Eric Lamhène
Hors d'haleine (op Englesch: Breathing underwater) ass e lëtzebuergesche Spillfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Eric Lamhène, mat der Carla Juri an der Haaptroll, no engem Dréibuch vun der Rae Lyn Lee a vun him selwer, deen den 13. November 2024 zu Lëtzebuerg an de Kino koum. Et ass den éischte Laangfilm vum Regisseur.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 2024 |
Originalsprooch |
Franséisch, Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Eric Lamhène |
Dréibuch | Eric Lamhène |
Schauspiller | |
Carla Juri, Sascha Ley, Luc Schiltz | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenD'Emma fënnt Zouflucht an engem Fraenhaus. Do begéint se anere Fraen, deenen och haislech Gewalt ugedoe gouf. All schaffen se drun, vun hirer Bezéiung lasszekommen an en eegent, neit Liewen unzefänken...