Horace Walpole

brittesche Schrëftsteller, Politiker a Kënschtler

Den Horace Walpole, 4. Earl of Orford, gebuer de 24. September 1717 zu London an och do den 2. Mäerz 1797 gestuerwen, war e brittesche Schrëftsteller, Politiker a Kënschtler. Hie gëllt als de Grënner souwuel vun der Gothic Novel wéi och vum Englesche Landschaftsgaart. Säin Haus Strawberry Field zu Twickenham op der Themse war dat éischt, dat am neo-gotesche Stil (ëm)gebaut war, Joren ier dat modern gouf. 1754 huet hien a senge Bréiwer de Wëssenschafts-Begrëff Serendipity gebraucht, deen duerno vum Soziolog Robert K. Merton nohalteg verbreet gouf.

Horace Walpole
Pseudonym Onuphrio Muralto
Gebuer 24. September 1717
London
Gestuerwen 2. Mäerz 1797
London
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien
Educatioun Eton College
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Autobiograph, Politiker, Konschtsammler
Member vun Royal Society

Hie war de Jong vum éischte Premierminister vu Groussbritannien (deen éischte Regierungschef, dee sou housch), dem Sir Robert Walpole (1676–1745) a senger Fra Catherine. Säi Papp huet him gehollef, och eng politesch Carrière ze maachen, sou war hie vu 1741 bis 1768 Member vum House of Commons, an hat eng Rëtsch héich Posten an der Staatsverwaltung.

1764 huet de Walpole ënner engem Pseudonym de Roman The Castle of Otranto geschriwwen, soi-disant eng Iwwersetzung vun engem italieenesche Buch aus dem 16. Joerhonnert. An der zweeter Oplo vu 1765 huet e sech als Auteur bekannt gemaach. Et war dëst deen éischten Horrorroman (Gothic novel). Nach méi Succès hat e mat sengem Buch Essay on modern gardening (1794) an deem en d'Konzept vum Englesche Landschaftsgaart beschreift.

Seng ëm déi 3000 Bréiwer sinn haut eng wichteg Quell iwwer Groussbritannie vum 18. Joerhonnert. Ausserdeem huet de Walpole notamment e Catalogue of the Royal and Noble Authors of England geschriwwen (1758), d'Theaterstéck Mysterious Mother (1768), an deem et ëm Inzest geet an dat zu senge Liefzäiten ni opgefouert gouf, Historical doubts on the life and reign of Richard III. (1768), Letters of Xo Ho to his friend Lien Chi at Pekin (1757), Memoirs of the last 10 years of George II., Memoirs of the reign of George III. an Anecdotes of painting in England (a 4 Bänn 1762–1771).

Wierker (Auswiel) änneren

  • Some Anecdotes of Painting in England (1762)
  • The Castle of Otranto (1764)
  • The Mysterious Mother (1768)
  • Historic Doubts on the Life and Reign of Richard III (1768)
  • On Modern Gardening (1780)
  • A Description of the Villa of Mr. Horace Walpole (1784)
  • Hieroglyphic Tales (1785)

Literatur änneren

  • Ian R. Christie: Horace Walpole, the gossip as historian. In: History Today. Jg. 4, Nr. 5, 1954, ISSN 0018-2753, S. 291–300.
  • Timothy Mowl: Horace Walpole. The Great Outsider. John Murray, London 1996, ISBN 0-7195-5619-8.

Um Spaweck änneren

Commons: Horace Walpole, 4. Earl of Orford – Biller, Videoen oder Audiodateien