Horace Parnell Tuttle

US-amerikaneschen Astronom

Den Horace Parnell Tuttle, gebuer de 24. Mäerz 1837, a gestuerwen am August 1923, war en US-amerikaneschen Astronom.

Horace Parnell Tuttle
Gebuer 17. Mäerz 1837
Gestuerwen 16. August 1923
Washington
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom
Den Horace P. Tuttle ëm 1888

Am Joer 1857 gouf den Tuttle Assistent um Harvard College Observatoire. Hien huet e puer Koméiten entdeckt a war och Matentdecker vum Koméit Swift-Tuttle. Doriwwer eraus huet den Tuttle d'Asteroide Maja a Klytia entdeckt.

Am Joer 1862 huet hien den Harvard Observatoire verlooss, an huet néng Méint um amerikanesche Biergerkrich deelgeholl, wou hie Keessjee war. Duerno war hie bei der United States Navy beschäftegt an huet u ville geographesche Missiounen deelgeholl.

Vun 1884 un huet hie seng Aarbecht als Astronom nees ugefaangen an huet um U.S. Naval Observatory zu Washington D.C. geschafft.

Den Asteroid (5036) Tuttle ass no him genannt ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Horace Parnell Tuttle – Biller, Videoen oder Audiodateien