Keessjee
E Keessjee oder Caissier fir de Mann, respektiv Caissière fir d'Fra, ass d'Beruffsbezeechnung fir d'Persoun an engem Buttek, engem Supermarché, enger Tankstell, engem Kino an deels och an engem Restaurant oder an enger Verwaltung, déi fir d'Féiere vun der Keess verantwortlech ass. Dat bekanntst Beispill vun engem Keessjee ass dat vun de Keessjeeën am Supermarché. De Keessjee scannt oder enregistréiert d'Wueren oder Déngschtleeschtungen, berechent de Montant, deen de Client muss bezuelen, an hëlt de Paiement entgéint. Keessjeeën sinn dacks den éischte Kontaktpunkt fir Clienten a spillen a wichteg Roll an Zerwiss um Client.
Zu den Aufgaben vun engem Keessjee zielen d'Ofwéckele vu Paiementer mat Boergeld, Transaktioune mat Kredit- oder Debitkaarten, an d'Aléise vu Bongen a Reduktiounen. Keessjeeën mussen donieft sécherstellen, datt d'Kees ëmmer korrekt gefouert gëtt, wat reegelméisseg Ofrechnunge an den Ëmgang mat Wiesselgeld beinhalt. Doriwwer eraus si Keessjeeën dacks fir d'Betreie vu Clientsfroen verantwortlech, a geleeëntlech och fir d'Apake vun den Akeef an d'Nofëlle vun de Rayone .[1],[2]
D'Aarbecht als Keessjee erfuerdert Geneeëgkeet, Zouverlässegkeet an en héicht Mooss un Opmierksamkeet, besonnesch am Ëmgang mat Suen an dem Ofgläiche vum Solde vun der Tresorerie. Eng frëndlech Astellung ass och wichteg well Keessjeeën dacks an direktem Kontakt mat dem Client stoen. D'Ausbildung bidde vill Betriber selwer un. An e puer Länner kann een an enger Ausbildung am Eenzelhandel zousätzlech Kenntnesser a Fäegkeete vermëttelt kréien, déi fir de Beruff nëtzlech sinn.[3]
De Begrëff ka mat enger anerer Bedeitung och als Synonym fir den Tresorier vun enger Organisatioun gebraucht ginn.
Um Spaweck
ännerenCommons: Keessjeeën – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ moncompteformation.gouv.fr: Devenir Caissier / caissière (gekuckt de 7. September 2024)
- ↑ instaff.jobs: Schulung für Kassierer im Einzelhandel (gekuckt de 7. September 2024)
- ↑ indeed.com: Quelle formation suivre pour devenir caissier ? (19. Juli 2024)