Homophobie bezeechent déi negativ Astellung zu der Homosexualitéit an zu deene Leit, déi sech als homosexuell, lesbesch, transsexuell verstinn, respektiv sech der LGBT-Communautéit an iergendenger Weis verbonne fillen. Homophobie erfaasst déi onrationell Angscht an den Haass virun där Communautéit, dacks aus reliéis begrënnten Iwwerzeegungen. Homophobie ka sech duerch Aversioun, Gewalt an Diskriminatioun vis-à-vis vun net heterosexuelle Mënschen ausdrécken. An alle Sprooche gëtt et ënnerschiddlech Wierder fir déi Leit ze vernennen a se sou ze diskriminéieren.

Urspréng

änneren

Schonn zu der Zäit vun den ale Griiche gouf Homosexualitéit schlecht ugesinn. Déi Tensioune sinn iwwer d'Joerhonnerte bliwwen, besonnesch wéinst Reliounen, wéi de Chrëschtentum an den Islam, déi Homosexualitéit verurteelen.

De Begrëff Homophobie besteet aus de Wierder, Homosexualitéit a Phobie (Griichesch: Angscht). D'Wuert Homophobie daucht fir d'éischt an engem Artikel -- The Homosexual—an der Klengformat-Zäitschrëft SCREW den 23. Mee 1969 op[1]. Zu där Zäit gouf domat d'Angscht vun Heterosexuelle bezeechent, déi gefaart hunn, vun aneren als homosexuell ugesinn ze ginn.

An der Psychologie gëtt en Ënnerscheed tëscht de verschiddenen Astellunge vis-à-vis vun der Homosexualitéit gemaach. Sou gëtt tëscht internaliséierter Homophobie, sozialer Homophobie, emotioneller Homophobie, rationaler Homophobie, an anerer ënnerscheet. Eng Ursaach déi zu Homophobie féiere kann, ass d'Angscht et selwer ze sinn an d'Angscht virun der Verännerung vun der traditioneller Famill.

Kampf géint Homophobie

änneren

D'Majoritéit vun de Mënscherechtsorganisatiounen, wéi zum Beispill Human Rights Watch oder Amnesty International, kämpfe géint d'Diskriminatioun an d'Inegalitéite géintiwwer vun Homosexuellen. D'LGBT-Communautéit benotzt Veranstaltunge wéi Gay Pride fir géint Homophobie ze kämpfen.

D'American Psychiatric Association (APA) erkennt, datt et Haass géint Homosexueller gëtt, a probéieren Psychiatrien an international Organisatiounen op der Welt dozou ze bréngen homophob Astellungen opzeginn an Homosexueller gläich gutt ze behandelen.

Homophobie an de Reliounen

änneren

Vill Reliounen vertrieden anti-homosexuell Léieren, woubäi aner Reliounen eng méi positiv Astellung zum drëtte Geschlecht an der Ausübung vun Homosexualitéit hunn.

Am Islam

änneren

Nom Islam gëllt de gläichgeschlechtleche Geschlechtsverkéier als Onzuucht (Zina). Wien als Moslem homosexuell ass, gëtt nom Koran bestrooft (Fatwa). D'Fatwa kann eng Hiriichtung vun Homosexuellen duerch Stengegung ausspriechen. Fir d'Sharia ass Homosexualitéit e Verbriechen.

Am Chrëschtentum

änneren

An engem Zitat am alen Testament gëtt Homosexualitéit am Chrëschtentum ofgelehnt, mä schwul Chrëschten argumentéieren, datt d'Nächsteléift Léift zu alle Persoune beschreift, egal wat fir engem Geschlecht zu ugehéieren. D'Kathoulesch Kierch seet Homosexualitéit wier onnatierlech an däerf ënnert kengem Ëmstand erlaabt ginn.

Staatlech ënnerstëtzten Homophobie

änneren

Ënnert staatlech ënnerstëtzter Homophobie versteet een d'Kriminaliséieren an d'Penaliséiere vun Homosexualitéit an all aner Form vun Diskriminatioun vun der LGBT-Communautéit. Homosexualitéit ass fir den Ament a 74 Länner illegal.

Am mëttelalterlechen Europa gouf Homosexualitéit als Sodomie ugesinn a gouf mat der Doudesstrof bestrooft.

A Westeuropa gëtt Homosexualitéit méi akzeptéiert wéi an Osteuropa. An Däitschland akzeptéiere 87 % vun der Bevëlkerung LGBT, géint 9 % an der Tierkei.

Verbreedung vun Homophobie

änneren

Homophobie ass net homogeene an der Gesellschaft verbreet, mä hänkt dacks vum Alter, vu reliéisen astellungen oder vun der geographescher Regioun of. D'politesch Meenung kann och vill aussoen, wou Liberaler dacks méi positiv zur Homosexualitéit stinn.

Um Spaweck

änneren
Commons: Homophobie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Gregory M. Herek: Beyond “Homophobia”: Thinking About Sexual Prejudice and Stigma in the Twenty-First Century. In: Sexuality Research & Social Policy. 1, Nr. 2, April 2004, S. 6–23 Archivéiert de(n) 2015-11-23. Gekuckt de(n) 2018-07-10.