Den Home Saint-Christophe gouf kuerz no der Grënnung vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Groupe Saint-Christophe Beggen am Joer 1957 dëser Guiden-a Scoutsgrupp vun der deemoleger Gemeng zur Verfügung gestallt. Et handelt sech ëm ee fréiert Eefamilljenhaus dat ouni Baugeneemegung opgeriicht gi war. D'Besëtzer waren dowéinst enteegent ginn.

Home Saint-Christophe
Koordinaten 49° 38’ 27.22’’ N
      06° 07’ 10.55’’ O

Méi wéi 40 Joer laang hunn d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Groupe Saint-Christophe Beggen den Home Saint-Christophe fir hir Versammlungen a Scoutsaktivitéiten benotzt. D'Gebai gouf vun hinne selwer mat bescheidene Mëttele reegelméisseg "renovéiert" an an der Rei gehalen.

Am September 2004 huet d'Gemeng zesumme mat de Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Groupe Saint-Christophe Beggen de Chalet zougemaach well hien de Sécherheets- an Hygienesbestëmmungen net méi entsprach huet. De selwechten Ament ass och de Schantjen ugaange fir den Home Saint-Christophe ze renovéieren. D'Renovatiounsaarbechte waren Enn 2007 ofgeschloss.

Den Home Saint Christophe an Zuelen:

  • Total Fläch: 411m2
  • 1 Inoxkiche mat 6 Gaskachplakken, engem Uewen an 2 Frigidären
  • 2 Schlofraim mat jee 12 Better um 1. Stack
  • 1 Schlofraum mat 2 Better um Rez-de-chaussée (Handicapéiertegerecht)
  • 26 Better dovun 2 mam Rullstull accessibel
  • 1 Campplaz mat Feierplaz an Iwwerdaach hanner dem Gebai
  • 5 Versammlungsraim (1 fir all Trupp vum Groupe Saint-Christophe Beggen)
  • 1 Atelier
  • 2 Ofstellraim (dovun eng Remise an eng Garage)
  • 1 grousse Versammlungsraum

Quell änneren

Fräi iwwersat aus der offizieller Pressemap "Porte Ouverte Chantier Home-Saint-Christophe Eecherfeld 15 septembre 2005".

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren