Den Hombori Tondo (fr. Monts Hombori) ass e Biergmassiv am Mali. E läit an der Regioun Mopti direkt nieft der Uertschaft Hombori op der Strooss déi vu Gao op Mopti féiert. De sougenannten Tafelbierg Hombori Tondo ass mat 1.153 Meter den héchste Bierg vum Mali.

Den Tafelbierg Hombori Tondo vun Hombori aus gesinn.
D'Hand vu Fatima, an de monts Hombori.

Den Hombori Tondo ass och eng wichteg archeologesch Plaz, vru ronn 2000 Joer hunn do Mënschen an Hiele gelieft. Um Bierg liewen haaptsächlech d'Ethnië Songhai an Dogon.


Commons: Hombori Tondo – Biller, Videoen oder Audiodateien