Heringerbuerg
D'Heringerbuerg oder Hiergerbuerg ass eng Buergruin an der Gemeng Waldbëlleg. Si steet eppes nërdlech vun der Uertschaft Mëllerdall, op engem Fielsvirsprong.
Agank an d'Heringerbuerg | |
Typ |
Buerg, Ruin |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Waldbëlleg |
Plaz | Mëllerdall |
Adress | Heringerbësch |
Koordinaten | 49°47'37,608"N, 6°18'27,648"O |
Statut | Klasséiert Monument |
Si gouf, zesumme mat der archeologesche Plaz Heringerbësch, den 11. Juni 2021 als nationaalt Monument klasséiert[1].
Geschicht
ännerenD'Buerg ass géint Enn vum 11. Joerhonnert vun de Häre vun Heringen um Fielsvirspronk gebaut ginn, wou warscheinlech virdru schonn e réimescht Kastell stoung[2][3].
D'Buerg gouf eng éischt Kéier 1393 an engem Dokument als „Sloss Heryngen“ ernimmt. Duerno gouf s'a Chroniken an, an Dokumenter aus dem 16. a 17. Joerhonnert, am Zesummenhank mat den Herrschafte vu Beefort an aus der Fiels, ernimmt.
D'Buerg ass vum 17. Joerhonnert u lues a lues verfall.
Den 2. Abrëll 1917 ass d'Buerg mat 16 ha Bësch ronderëm op enger Stee fir 18.000 Frang vum „Justizrat Dr C. Schwartz“ vun Tréier un d'„Wittfra Letellier“ vu Konsdref verkaaft ginn[3].
1995 gouf eng wëssenschaftlech Bestandsopnam vum Fielsvirsprong mat senge Mauerreschter gemaach[4].
Den Ursprong vum Numm
ännerenDen Numm „Hiergerbuerg“ geet op en Hierger, also e Member vun engem Hier ((de) Heer) zeréck[5].
De Michel Rodange an d'Hiergerbuerg
ännerenA senger Epistel am Mëllerdaller Dialekt beschreift de Michel Rodange d'Hiergerbuerg am Juli 1857 follgendermoossen[6][7]:
A wann es d'Hiérgerburg doïverhiér
Nétt hètt gewénkt, mer sêtzen nach vleicht do.
Se ass Ech och nétt mi vun hètt a gest,
Dé schardech Móm! Se setzt do op der Lé,
Se kuckt allt iwer Bésch, a Biérg a Feld,
An an den Dall. Se kann et nét verstôn,
Wi d'Béscher fordu gréng an emmer jonk
Nach ronderemm op allen Hichte stinn :
Soû stungen se, wi sì op d'Welt ass komm ;
Nu ass se ahl, an dé senn emmer frésch.
Ma wât s’anm mêste wonnert, awer ass,
Datt d'Erenz nach su lestech trépple kann.
Literatur
änneren- Jemmy Koltz: Les Châteaux historiques du Luxembourg.
- Kreins Jean-Marie, Histoire du Luxembourg. Presses Universitaires de France, « Que sais-je ? », 2021, 128 pages. ISBN 9782715407350
- Engling, Johann. Die Vormalige Burg und Herrschaft Heringen : Eine Topographischhistorische Skizze. Luxemburger Wort (1865): Luxemburger Wort Jg. 18(1865), Nr. 103, 104, 105, 106, 107, 108, 110, 111, 112, (3. - 13. Mai).
- Milmeister, Jean. Notre patrimoine culturel méconnu : Le château de Heringen. Luxemburger Wort (1975): Luxemburger Wort Jg. 128(1975), Nr. 205, P. 4, Ill.
- Krantz, Robert. Die Felsenburg Heringen. Luxembourg: Société des antiquités nationales, 1983. Print. Monuments En Péril Vol. 3 3 0003152.
- Reuland, Heinrich Adolph, and Weirich, Fernand. Der Raubritter Von Heringen Und Der Kreuzfahrer Von Fels : Erzählung aus der Zeit des Limburger Erbfolgekrieges. Christnach: Émile Borschette, 1998. Print.
- Mayer, Christina. Kanton Echternach : Ein Katalog der erhaltenswerten Kulturgüter und Ensembles, (Topographie der Baukultur des Grossherzogtums Luxemburg Bd. I 1). Luxembourg: Service des sites et monuments nationaux. 2010 (Inhaltsverzeechnes online op ssmn.public.lu)
- Joseph Colbach, Rob Kieffer, 2020, Alte Tante mit Zahnlücken an „Luxemburg : eine Zeitreise”, Luxembourg : Ernster éd., ISBN 978-2-919944-80-4, S. 54-57
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Heringerbuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ Obermosel-Zeitung, N° 70, S. 1., Die Burg Heringen.. Digitised by the National Library of Luxembourg (02.09.1887). Gekuckt de(n) 06.10.2021.
- ↑ 3,0 3,1 Obermosel-Zeitung, 38. Jg., N° 28, S. 1., Die Burgruine Heringen im Müllertal. Digitised by the National Library of Luxembourg (06.04.1917). Gekuckt de(n) 06.10.2021.
- ↑ Das einzigartige Felsenschloss – Die Heringerburg bei Waldbillig." tageblatt.lu, 20 . August 2019.
- ↑ cf. Colbach, Kieffer an der Literatur
- ↑ Luxemburger Wort, 1865. Nº 112, S. 2., Anhang 1. Heringen und seine Umgebung. Eine Epistel im Müllerthal-Dialekt. Digitised by the National Library of Luxembourg (13.05.1865). Gekuckt de(n) 06.10.2021.
- ↑ Text an der Originalschreifweis