Hayn (Moundkrater)
Moundkrater
Den Hayn ass en Aschlagkrater um nordëstleche Rand vun der viischter Moundsäit. Duerch seng Lag bedéngt, erschéngt de Krater vun der Äerd aus staark verzerrt an ass duerch d'Libratioun net ëmmer ze gesinn. Hie läit südëstlech vum Krater Cusanus an nërdlech vum Mare Humboldtianum. Déi terrasséiert Ramplie sinn net vill erodéiert. Den Zentrum huet e markanten Zentralbierg duerch deen zwéi Bréch lafen déi sech kräizen an dee sou a véier deelen.
Den Hayn mat Niewekrateren (Norden uewen; LROC-WAC) | |
Koordinaten | 64°33'36"N, 83°52'12"O |
---|---|
Duerchmiesser | 86,2 km |
Déift | 4.480 m |
Selenographesch Längt | 279° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Friedrich Hayn |
Genannt am Joer | 1964 |
Moundvéiereck | LQ06 |
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 63° N, 71° O | 51 km | [1] |
B | 65,19° N, 63,65° O | 23 km | [2] |
D | 65,4° N, 61,56° O | 21 km | [3] |
E | 67,05° N, 65,93° O | 42 km | [4] |
F | 68° N, 85,32° O | 64 km | [5] |
G | 66,79° N, 86,27° O | 20 km | [6] |
H | 63,33° N, 68,48° O | 14 km | [7] |
J | 66,9° N, 63,82° O | 38 km | [8] |
L | 64,37° N, 67,49° O | 20 km | [9] |
M | 62,83° N, 66,22° O | 9 km | [10] |
S | 68,05° N, 66,07° O | 12 km | [11] |
T | 68,54° N, 74,41° O | 8 km | [12] |
De Krater gouf 1964 vun der I.A.U. nom däitschen Astronom Friedrich Hayn genannt.