Haut (Zeitung)

fréier lëtzebuergesch Dageszeitung

haut war eng lëtzebuergescher Dageszeitung, déi fir d'éischt den 2. Februar 1981 erauskomm ass.[1]

Haut
Typ Dageszeitung
Sprooch Franséisch,
Däitsch
Éischt Ausgab 2. Februar 1981
Lescht Ausgab 1983
Editeur Jean Nicolas
Editiounshaus Regipress
Format DIN A4


Editeur war de Jean Nicolas, dee se, zesumme mat der Christine Nicolas, am Verlag Regipress erausbruecht huet.

haut war zweesproocheg däitsch-franséisch, hat 16 Säite pro Nummer a war am Format A4. Am Ufank gouf probéiert, inhaltlech mat den "etabléierten" Zeitunge matzehalen, mä nodeem e puer Mataarbechter opgehalen haten, sinn ëmmer méi heefeg d'Säite mat Facsimileë vum Staatsbudget gefëllt ginn.

1983 war et mam haut eriwwer.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Dësen Artikel baséiert op: Romain Hilgert (2004): Zeitungen in Luxemburg.