Eng Zeitung (méi sielen Zeidonk oder Zeitonk) ass e vervillfältegt Dokument, an deem Informatiounen, Neiegkeeten, Kommentaren a Meenungen iwwer Evenementer aus enger bestëmmter Zäitperiod presentéiert ginn. Dat kënnen Informatiounen aus der Vergaangenheet, mee och iwwer d'Zukunft sinn.

E Koup Zeitungen.

D'Wuert "Zeitung" hat am Däitsche bis an d'18. Joerhonnert just d'Bedeitung vun "Noriicht", wéi dat am Lëtzebuergesche bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert mam Wuert "Zeideng", resp. "Zëddeng" de Fall war.[1]

Vill Zeitunge sinn Dageszeitungen (wéi zum Beispill zu Lëtzebuerg d'Tageblatt oder d'Luxemburger Wort), an deenen d'Evenementer vum Dag virdrun an dem Publikatiounsdag presentéiert ginn, oder Wochenzeitungen (wéi zum Beispill d'Lëtzebuerger Land oder woxx), an deem d'Informatiounen aus där Woch an där virdrun oder duerno presentéiert ginn. Déi éischt Dageszeitung, d'Einkommende Zeitungen, gouf 1650 zu Leipzig verëffentlecht an ass sechsmol an der Woch erauskomm.[2]

Traditionell gëtt d'Zeitung op Pabeier verëffentlecht. Zënter dem Enn vun den 1990er an dem Ufank vun den 2000er Joren hunn déi meescht Zeitungen donieft awer eng online Presenz a ginn och an digitaler Form publizéiert.

Eng Zeitung kann universell sinn, dat heescht eng grouss Rei Theemen ofdecken, oder op een Theema spezialiséiert sinn, zum Beispill op Sport oder Kultur. Et entscheet een och tëscht regionalen an iwwerregionalen Zeitungen; déi éischt konzentréieren sech op lokal Neiegkeeten, déi aner op landeswäit oder international Noriichten. Wéinst der Gréisst vum Land sinn Zeitungen zu Lëtzebuerg déi zwee zesummen.

Zeitungen zielen zu de Print- a Massemedien.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Zeitungen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. cf. déi Lemmata am Lexicon der Luxemburger Umgangssprache an am Wörterbuch der luxemburgischen Mundart.
  2. MDR: In Leipzig wurde 1650 die Tageszeitung erfunden (1. Juni 2011)