Haupeschkapell vu Weweler

D'Haupeschkapell vu Weweler steet op engem Hiwwel an ass scho vu wäitem ze gesinn. Si ass fir d'éischt Kéier 1313 ernimmt ginn. Vu 1495 bis 1772 war si d'Parkierch vu Burg-Reuland, duerno huet d'Stephanus-Kierch zu Burg-Reuland déi Roll iwwerholl.

Haupeschkapell vu Weweler

De Fouss vum Tuerm ass am romanesche Stil a staamt aus dem 13. Joerhonnert. D'Schëff an de Chouer goufen am 15. Joerhonnert gebaut an am 16. vergréissert. Zu där Zäit gouf dat aktuellt Kiercheschëff gebaut mat engem Spatzbéi-Verwëllef dat sech op eng Zentralsail stäipt. Si ass domat eng vun de sougenannten Zweeschëfferkierchen. Eng aner Zweeschëfferkierch an der Géigend mat méi Zentralstäipen ass d'Kierch vu Waimes. Wéi vill Kierchen an der Äifel war de Bannesall mat ville Freske garnéiert, déi awer no an no de Restauratiounen zum Affer gefall sinn. Nëmmen zwéi Fragmenter dovu konnten hanner de Säitenaltär erëmfonnt a geséchert ginn.

Daach vum Tuerm

Hiert barockt Ausgesinn krut d'Kapell um Ufank vum 18. Joerhonnert; do gouf d'Entréesdier geréckelt, eng Sakristei bäigebaut an de Klackentuerm opgeriicht, deen nodeem en am Joer 1712 vun engem Blëtz getraff gouf, eréischt ëm 1990 nees opgebaut gouf.

De siwestäckegen Daach vum Klackentuerm, dee mat Leeë gedeckt ass, ass fir sech eleng scho kuckeswäert.

D'Kapell steet ënner Denkmalschutz.

Hautdesdaags ginn an der Kapell zu Weweler nëmmen nach Masse gehalen op Haupeschdag, an den Namensdeeg vum hellege Jacques vu Compostella an der helleger Martha, Kirmessonndeg an Allerséilen. Wéinst der heemleger Akustik vun der Kapell ginn heiansdo Concerten organiséiert.

Kuckt och änneren