Hans Modrow

däitsche Politiker

Den Hans Modrow, gebuer de 27. Januar 1928 zu Jasenitz, deemools an der Provënz Pommern, a gestuerwen den 11. Februar 2023 zu Berlin[1], war en däitsche Politiker.

Hans Modrow
Gebuer 27. Januar 1928
Jasienica
Gestuerwen 10. Februar 2023
Berlin
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Däitsch Demokratesch Republik, Däitschland
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Sozialistische Einheitspartei Deutschlands, Die Linke, Partei des Demokratischen Sozialismus
Member vun Zentralkomitee der Sozialistischen Einheitspartei Deutschland

Hie war fir kuerz Zäit, wärend der sougenannter Wende an der DDR, vum 13. November 1989 bis den 12. Abrëll 1990 dee leschte President vum Ministeschconseil vun der Däitscher Demokratescher Republik an domat Ministerpresident vun der Regierung Modrow. Virdru war hie vun 1973 u Bezirksleiter vun der Sozialistischer Einheitspartei Deutschlands vun Dresden.

No der Erëmvereenegung vun Däitschland (déi hien dem Anschluss gläichgestallt huet) gouf de Modrow Deputéierten am Däitsche Bundestag an am Europäesche Parlament. Hie war Éierepresident vun der Partei des Demokratischen Sozialismus (PdS) a President vum Ältestenrat vun der Partei Die Linke.

Literatur änneren

  • Karl-Heinz Arnold: Die ersten hundert Tage. Hans Modrow. Dietz-Verlag, Berlin 1990, ISBN 978-3-320-01565-7.
  • Heinrich Hannover: Wahlfälschung in der DDR – Abstrafung eines Hoffnungsträgers? Der Fall Dr. Hans Modrow, in ders.: Reden vor Gericht. PapyRossa, Köln 2010, S. 247–273.
  • Meine Freiheit – Geschichten aus Deutschland. S. 50–58: Hans Modrow. Kathrin Höhne/Maren Martell, Verlag: epubli GmbH, Berlin 2014, ISBN 978-3-7375-0615-1.
  • Oliver Dürkop, Michael Gehler (Hrsg.): In Verantwortung. Hans Modrow und der deutsche Umbruch 1989/90. Studien-Verlag, Innsbruck-Wien-Bozen 2018, ISBN 978-3-7065-5699-6.

Um Spaweck änneren

Commons: Hans Modrow – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Noruff op Tagesschau.de, 11. Februar 2023.