Hans
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Marne
Arrondissement Sainte-Menehould
Kanton Argonne Suippe et Vesle
Postcode 51800
Gemengecode 51283
Koordinaten 49° 06’ 38’’ N
      04° 44’ 59’’ O
Fläch  1 950 ha
Bevëlkerung  133 (1999)

Hans ass eng franséisch Gemeng am Departement vun der Marne an der Regioun Grand Est.

Hans läit am Dall vun der Bionne, engem Niewefloss vun der Aisne.

Hanns war scho virun 1300 eng Baronnie gewiescht an hat eng Festung.

De Pierre de Hans, Bëschof vu Châlons, huet am 13. Joerhonnert zwou Kapellen an der Kierch ariichte gelooss.

1590 gouf d'Festung op Uerder vum Henri IV. ofgerappt. D'Schlass gouf awer am 17. Joerhonnert erëm opgeriicht.

Wärend der Schluecht vu Valmy war d'Schlass vun Hans dem Herzog vu Braunschweig seng Residenz. Hien huet och do de Réckzuch vu sengen Truppen ënnerschriwwen.

De Generol de Dampierre ass am Caveau vu senger Famill zu Hans begruewen. Hien hat do d'Restauratioun vun der Kierch finanzéiert, an hat et fäerdegbruecht, datt de Bëschof vu Châlons de Mgr Sourrieu der Kierch den Numm Notre-Dame-du-Soldat ginn huet, dee spéider vum Poopst Leo XIII. confirméiert gouf.

Nopeschgemengen änneren

Kuckeswäertes änneren

Kuckt och änneren