Hans-Adam II. vu Liechtenstein

Den Hans-Adam II., gebuer de 14. Februar 1945 zu Zürich, ass Fürst a Staatschef vu Liechtenstein. Hien ass och Chef vum Haus Liechtenstein.[1] Mat ganzen Numm heescht hien Johannes Adam Ferdinand Alois Josef Maria Marco d'Aviano Pius Fürst von und zu Liechtenstein, Herzog von Troppau und Jägerndorf, Graf zu Rietberg, Regierer des Hauses von und zu Liechtenstein.

Hans-Adam II. vu Liechtenstein
Gebuer 14. Februar 1945
Zürich
Nationalitéit Liechtenstein, Éisträich
Educatioun Universitéit St. Gallen,
Lyceum Alpinum Zuoz,
Schottengymnasium
Aktivitéit Monarch, Konschtsammler, Aristokrat
Famill
Bestuet mat Marie Kinský vu Wchinitz an Tettau
Papp Franz Josef II.
Mamm Georgina vu Wilczek
Geschwëster Philipp vu Liechtenstein, Nikolaus vu Liechtenstein, Nora vu Liechtenstein, Wenzel vu Liechtenstein
Kanner Alois vu Liechtenstein, Maximilian vu Liechtenstein, Constantin vu Liechtenstein, Tatjana vu Liechtenstein

Famill änneren

Den Hans-Adam II. ass de Jong vum Fürst Franz Josef II. vu Liechtenstein (1906–1989) a senger Fra, der Georgina von Wilczek, genannt Gina (1921–1989).

Hien huet sech den 30. Juli 1967 mat der Gräfin Marie Kinsky von Wchinitz und Tettau (1940-2021) bestuet. Si hu véier Kanner, déi den Titel Prënz (Prinzessin) von und zu Liechtenstein, Graf (Gräfin) von Rietberg droen.

1984 gouf hie Stellvertrieder vu sengem Papp, an 1989, no deem sengem Doud, säin Nofollger.

Zënter 2004 ass et säi Jong Alois, deen d'Regierungsgeschäfter féiert.

D'Famill vum Hans Adam steet un der Spëtzt vun der Stiftung Fürst Liechtenstein, zu där ë. a. Immobilien a Grondbesëtz an Éisträich, ma virun allem d'LGT Bank gehéiert, an déi Schätzungen no e puer Milliarde Schwäizer Frang wäert soll sinn.

Wierker änneren

Literatur änneren

  • Wer ist wer- Wer tut was. Handbuch für das Fürstentum Liechtenstein. Frank P. van Eck Verlagsanstalt 1995, Seiten VII-IX Biografien der fürstlichen Familie.
  • Deutsches Adelsarchiv e.V. (Hrsg.): Genealogisches Handbuch des Adels (GHdA). Genealogisches Handbuch der Fürstlichen Häuser. Fürstliche Häuser Band XIV. C.A. Starke Verlag Limburg a.d.Lahn, 1991, (GHdA Band 100), S. 65-84.
  • Verfassungsgesetz vom 28.Juni 1984 über die Ergänzung und Abänderung der Verfassung vom 5.Oktober 1921 (Einrichtung einer Stellvertretung) . In: Liechtensteinisches Landesgesetzblatt, Jahrgang 1984, Nr. 28, Ausgabe vom 18. August 1984.
  • Hausgesetz des fürstlichen Hauses Liechtenstein vom 26.Oktober 1993. In: Liechtensteinisches Landesgesetzblatt, Jahrgang 1993, Nr.100, Ausgabe vom 6. Dezember 1993.

Um Spaweck änneren

Commons: Hans-Adam II – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Das Fürstenhaus von Liechtenstein: Hausgesetz vom 26. Oktober 1993, I. Das Fürstliche Haus Liechtenstein, Art. 2: Titel der Mitglieder des Fürstlichen Hauses