Constantin vu Liechtenstein (1972)

Prënz vu Liechtenstein (1972–2023)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Prënz Constantin vu Liechtenstein, mam ganzen Numm Ferdinand Maria von und zu Liechtenstein, Grof zu Rietberg, gebuer de 15. Mäerz 1972 zu St. Gallen a gestuerwen de 5. Dezember 2023, war de jéngste Bouf vum Hans-Adam II. (*1945), Fürst a Staatschef vu Liechtenstein.

Constantin vu Liechtenstein
Gebuer 15. Mäerz 1972
St. Gallen
Gestuerwen 5. Dezember 2023
Nationalitéit Liechtenstein
Educatioun Liechtensteinisches Gymnasium,
Universitéit Salzburg
Aktivitéit President vum Verwaltungsrot
Famill
Bestuet mat Maria Kálnoky vu Köröspatak
Papp Hans-Adam II. vu Liechtenstein
Mamm Marie Kinský vu Wchinitz an Tettau
Geschwëster Alois vu Liechtenstein, Maximilian vu Liechtenstein, Tatjana vu Liechtenstein
Kanner Moritz vu Liechtenstein, Georgina vu Liechtenstein, Benedikt vu Liechtenstein

De Constantin war de jéngste Jong vum Prënz Hans-Adam II. vu Liechtenstein a senger Fra Marie, gebuer als Marie Kinsky von Wchinitz und Tettau. Säi Grousspapp war de Franz Josef II. (1906–1989).

Nom sengem Master am Droit op der Universitéit vu Salzburg huet hien ë. a. fir d'Raiffeisen Private Equity Management AG (RPEM), d'US-Investmentbank Brown Brothers Harriman an d'Grünwald Equity Beteiligungs-GmbH geschafft.

De Prënz Constantin gouf de 14. Mee 1999 mat der Marie Gabriele Franziska Kálnoky von Kőröspatak (*1975) bestuet an d'Koppel krut dräi Kanner:

  • Moritz Emanuel Maria (* 27. Mee 2003)
  • Georgina Maximiliana Tatyana Maria (* 23. Juli 2005)
  • Benedikt Ferdinand Hubertus Maria (* 18. Mee 2008)