Hannerknubbeldeng oder Hannerknuppecht beschreift ëmgangssproochlech een Uert deen net existéiert. Meeschtens gëtt et benotzt fir een Uert ze suggeréieren dee relativ kleng, wéineg entwéckelt a wäit ewech vun allem ass.

Vergläichbar Termen a Riedensaarte sinn:

  • Kaff
  • Pampa
  • Kouduerf
  • "Um Aarsch vun der Welt"
  • "Dem Honn hannen" (heiansdo och: "Um Honn hannen")
  • Zu Honnolulu (Stad op Hawaii)
  • Hanner Timbuktu (Stad am Mali)
  • Izeg-Klengasien
  • Hannerhëpperdang oder och Hannerknapphouschent
  • Bidscht an der Äppelkëscht
  • Hannerklengwäinheffen

Vergläichbar Termen an anere Sproochen:


Kuckt och änneren

Mokuchsdag