Timbuktu ass eng Oasestad am westafrikanesche Staat Mali mat 54.453 Awunner (Zensus 2009).[1] Se läit um südleche Rand vun der Sahara, där hir Desertifikatioun der Stad vill Problemer mécht. Bannent de leschten 20 Joer huet d'Wüst sech eng 100 Kilometer no Süden ausgebreet.[2] Timbuktu läit och 5 Kilometer nërdlech vum Floss Niger.

D'Sankore Moschee

Zanter Joerhonnerten ass Timbuktu en Zentrum vum Transsaharahandel. Um Enn vum 19. Joerhonnert sinn all Joer eng 400 Karawanne mat 140.000 Kaméiler, déi mat ronn 22.400 Tonne Wuere beluede waren, do passéiert[3] Doduerch, datt et en Handelszentrum ass, ass d'Populatioun vun Timbuktu ganz gemëscht a setzt sech ë. a. aus Berber, Mauren, Songhai, Mandinka a Bambara zesummen.

Déi traditionell Architektur vun Timbuktu ass, well et keng Steng gëtt, aus Leem. Bekannt sinn déi dräi grouss Moscheeën aus Leem, déi mat Kierfechter a Mausoleeën zu den UNESCO-Kultur-Weltierwe gehéieren.

Literatur änneren

  • Michel Abitbol: Tombouctou et les Arma: de la conquête marocaine du Soudan nigérien en 1591 à l'hégémonie de l'Empire Peulh du Macina en 1833. Paris 1979, ISBN 2-7068-0770-9.
  • Tor A. Benjaminsen u. Gunnvor Berge: Une histoire de Tombouctou. Arles 2004, ISBN 2-7427-4908-X.
  • Sékéné Mody Cissoko: Tombouctou et l'empire Songhay: Épanouissement du Soudan nigérien aux XVe – XVIe siècles. Paris 1996, ISBN 2-7384-4384-2.
  • Robert Davoine: Tombouctou: fascination et malédiction d'une ville mythique. Paris 2003, ISBN 2-7475-3939-3.
  • Marq De Villiers and Sheila Hirtle: Timbuktu: Sahara's Fabled City of Gold. New York 2007.
  • John Hunwick (Hrsg.): Timbuktu and the Songhay Empire: Al-Sa'di's Tarikh al-Sudan down to 1613 and other Contemporary Documents. Leiden 2002 (2. Oplo)
  • Regula Renschler: Am Schnittpunkt großer Handelsstraßen. Leben in der Wüste – am Beispiel Timbuktu. In: Katja Böhler u. Jürgen Hoeren (Hgg.): Afrika. Freiburg im Breisgau – Wien 2003, S. 96–103. ISBN 3-89331-502-0 (

Um Spaweck änneren

Commons: Timbuktu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. INSTAT: Resultater vum Zensus 2009 (PDF; 835 kB)
  2. arte-TV (3. Mai 2012 08:55 bis 09:40): Timbuktus verschollenes Erbe.
  3. Brockhaus 14. A., Bd. 15 (1908)