Handwierkergaass Terres Rouges

D'Handwierkergaass um Terrain vun der fréierer Schmelz Terres Rouges zu Esch-Uelzecht besteet aus enger Rëtsch Industriegebaier. Se sti laanscht d'Rue des Acacias, um Fouss vum fréiere Schlakentipp vun Terres Rouges.

Handwierkergässel
D'Handwierkergaass am Mäerz 2019
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht
Adress Rue des Acacias/
rue d'Audun
Koordinaten 49° 29’ 21.7’’ N 05° 58’ 28.0’’ E
Baustil Industriearchitektur
Statut klasséiert
Datum vum Bau vun ongeféier 1890 un
Proprietär ArcelorMittal

Dat eelst dovun ass vun ëm 1890; déi aner goufen am Laf vun de Jore bäigebaut[1]. An hinne war de groussen Zentralateleier vun Terres Rouges, wou Schweesser, Schlässer, Elektriker a soss Handwierker geschafft hunn. D'Schmelz gouf 1977 zougemaach, wéi déi nei Héichiewen A, B an C op Belval a Betrib geholl goufen.

D'Gebaier gehéieren der ArcelorMittal. Et besti Pläng, datt e privaten Investisseur, deen ënnert dem Projetsnumm Rout Lëns wëlles huet, aner Deeler vum Terrain vun der fréierer Schmelz urbanistesch z'entwéckelen, och dës Gebaier, oder op d'mannst en Deel dovun, ofkafe kéint, fir se z'erhalen an enger anerer Funktioun z'iwwerginn. D'Gebaier si mat enger Bréck un d'Rout Lëns ugebonnen.

Den 23. Juli 2021 gouf d'Handwierkergässel, mat anere Gebaier vun der Lëns, als national Monumenter klasséiert.[2]

Um Spaweck änneren

Commons: Handwierkergaass Terres Rouges – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Nicolas Anen: "Handwerkergasse von Terres Rouges bleibt erhalten." wort.lu, 14.03.2019
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).