E Schlakentipp ass en Terrain, op dem d'Schlak, déi bei der Eisefabrikatioun entstanen ass, deposéiert gëtt.

Schlak, déi ofgetippt gëtt (Tschechesch Republik)

D'Schlak gëtt gewéinlech iwwer d'Eisebunn vun der Schmelz op de Schlakentipp gefouert, wou s'a spezielle Waggonen ("Humpe" genannt) op den Terrain transportéiert an do ausgetippt gëtt. Doduerch kënnen gréisser Hiwwelen entstoen.

Verschidde Schlakentippen déi net méi a Betrib sinn, sinn haut Deel vun Naturreservater an et kann een do spadséiere goen.

Um Spaweck änneren

Commons: Schlakentippen – Biller, Videoen oder Audiodateien