En Hackerspace ass eng Plaz - meeschtens e Lokal mat e puer Raim - wou Mënsche sech treffen, déi änlech Intressien am Beräich vun der Technik hunn. Deen Intressi läit net onbedéngt nëmmen an der Informatik (wéi een duerch d'Wuertbestanddeel "Hacker" kéint unhuelen), mä ka geneesou gutt och an der Elektronik, zäitgenëssescher Konscht, Fotografie an änlechem leien.

En Hackerspace versicht dëse Mënschen e Raum an eng Infrastruktur ze bidden, fir kreativ an innovativ Projeten ze realiséieren, déi si eleng net kéinte fäerdegbréngen. Hackerspacë sinn dacks en Ausgankspunkt vu Start-Up Firme mat neien, bis dohin onbekannten Iddien.

Aktivitéit an engem Hackerspace änneren

An engem Hackerspace ginn normalerweis Projete gemaach, déi mat Software oder Elektronik, Fotografie oder änlechem ze dinn hunn. Dat kënne grouss LED Matricë sinn, eng Social Software, Roboteren oder ganz aner verréckt Iddien. Ausserdeem ginn heefeg Workshoppen iwwer e bestëmmt Theema wéi Sécherheet am Internet, Dateschutz, Programmatioun etc. gehalen. Och den Austausch mat Hackerspacen aus anere Länner a Stied gëtt als wichteg betruecht.

Nieft dësem éischter teschneschen Inhalt geet et an engem Hackerspace awer och ëmmer ëm sozial Interaktioun. Dofir gëtt och dacks zesumme gekacht, giess an op all méiglech Aart a Weis Zäit matenee verbruecht.

Verwaltung änneren

En Hackerspace gëtt fir gewéinlech vun enger ASBL an Autonomie verwalt. Den Zougank ass am Idealfall 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7 méiglech an d'Infrastruktur steet jiddwerengem zur Verfügung, deen eng kreativ Iddi huet.

Normalerweis gëtt en Hackerspace mat de Bäiträg vu senge Membere finanzéiert. Am Kader vun IT-Initiativen oder Kulturfonge goufen Hackerspacen awer och scho vum jeeweilege Staat oder enger Stad finanziell ënnerstëtzt.

Zu Lëtzebuerg änneren

Zanter September 2009 gëtt et zu Lëtzebuerg en Hackerspace, deen zu Bouneweg am ale Gebai vun der Landsbanki ass.

 
De Chaos Computer Club am Hackerspace zu Stroossen
 
Den "Chill"-Raum am syn2cat Hackerspace

Dee Raum gëtt vun der hackerspace.lu Initiativ[1], déi am August 2008 gegrënnt gouf an déi sech beméit huet sou ee Projet op d'Been ze stellen, geréiert. De Projet, dee sech syn2cat nennt, ass zanter dem Juni 2009 eng ASBL a beméit sech ëm Synergien tëscht de verschiddenste Computer-, Radiofunk- an Technik-Clibb am Land.

Zanter dem 11. Juni 2015 gëtt et Lëtzebuerg een Hackerspace méi. De Chaos Computer Club Lëtzebuerg huet säin eegenen Hackerspace, d'Chaosstuff[2] um 2. Stack an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg.

Aktivitéiten änneren

Zanter senger Grënnung huet syn2cat eng Rëtsch Aktivitéiten organiséiert a bei anere matgemaach. Ënner anerem hu Leit aus dem Hackerspace als Graffiti Research Lab Luxembourg de LaserTagging um Nationalmusée fir Geschicht a Konscht organiséiert.
syn2cat huet awer och bei de CDays 2009 matgemaach, Léit-Ateliere beim Jugendsummer zu Diddeleng proposéiert a war op der Defcon 17 mat engem Spriecher vertrueden.

Zanter November 2009 ass de lokalen Hackerspace och Auteur vun enger Sendung um Radio ARA an engem Podcast dee sech Lët'z Hack[3] nennt.

Am Ausland änneren

Am Ausland gëtt et eng Hellewull vun Hackerspacen. Op Hackerspaces.org gëtt et eng ausféierlech Lëscht vu sou Plazen. Déi bekanntst a gläichzäiteg eelst am däitschsproochege Raum si wuel d'c-base zu Berlin an de Metalab zu Wien.

Referenzen änneren

  1. Initiativ hackerspace.lu Initiativ
  2. https://chaosstuff.lu
  3. Archive copy Gearchiveerd op 2010-10-30. Gekuckt de(n) 2010-09-20.